arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steve Heiliger: “Mir hätte gären ee richtege Sozialdialog”

Staatsbeamtegewerkschaft

|
headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Steve Heiliger: “Mir hätte gären ee richtege Sozialdialog”

Bei hirer Protestaktioun de 25. Juni virun der Chamber rechent d’CGFP mat 300 bis 500 Leit, esou de Generalsekretär Steve Heiliger am 100,7-Interview.

headphones

4 min

headphones

11 min

play_arrow

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat gëschter bestätegt, datt si de 25. Juni eng eege Protestaktioun virun der Chamber organiséiert: dräi Deeg also virun der grousser nationaler Demo vun de béiden anere Gewerkschaften OGBL an LCGB den 28. Juni.

D’CGFP-Aktioun de 25. Juni wier den Ufank vum Widderstand vun der Staatsbeamtegewerkschaft géint déi ëmstridde Regierungspläng fir eng Renten- a Pensiounsreform, huet et geheescht.

"Aner Perceptioun vun engem Sozialdialog"

D’Aktioun vum 25. Juni wier eng symbolesch, esou um Mëttwoch am 100,7-Interview de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger. Hie rechent mat 300 bis 500 Leit, an dräi Woche virun der Chamber. Déi Manif wier fir een Zeechen ze setzen, fir däitlech ze maachen, datt d’Aart a Weis, wéi d’Regierung Diskussioune geféiert huet, der Staatsbeamtegewerkschaft net gefall hätt, huet de Steve Heiliger erkläert.

“Mir hunn eng aner Perceptioun vun engem Sozialdialog, well grad am Dossier Pensiounen, huet deen iwwerhaapt net stattfonnt. Ech dierf eng Kéier kuerz drun erënneren, dass mer och un deenen Experte-Ronnen zu Buerglënster deelgeholl hunn als CGFP, dat war dräimol e ganzen Dag, wou ganz vill Elementer op den Dësch komm sinn. Do war d'Madamm Sozialministesch present. Si huet ganz vill nogelauschtert, si huet net vill gesot, si huet eis awer zum Schluss e Werdegang presentéiert, wéi et géif weidergoen. An deen huet aus dräi Punkte bestan. Éischtens, aus all deem, wat elo an deenen dräi Deeg gesot ginn ass, wäerte mir d'Regierung erausfilteren, wat mer do kënnen eventuell ëmsetzen. Dat huet si Eckdate genannt. Iwwer de Summer géifen dann Texter dozou presentéiert ginn. An déi kréiche mer am Hierscht an d'Consultatioun. Dat waren déi dräi Punkten. An da kënnt Der Iech virstellen, dass mer du moins erstaunt waren, fir keen anert Wuert ze gebrauchen, wa mer dann am État de la Nation de Premier héieren, deen eigentlech do scho Fait-accomplie schaaft."

Als CGFP hätt ee gären ee “richtege Sozialdialog”, huet de Generalsekretär Steve Heiliger am 100,7-Interview gefuerdert. Et wier wichteg “neutral” an dësen Dialog eranzegoen, fir dann nom “Lëtzebuerger Modell” am Konsens Léisungen ze erschaffen.

Keng aktiv Roll vun der CGFP bei Demo den 28. Juni

Bei der grousser Manif vun OGBL an LCGB wäert d’CGFP net dobäi sinn. D’Staatsbeamtegewerkschaft wier awer solidaresch mat de béiden anere Gewerkschaften. Et wéilt een awer d’Interesse vun de Leit aus dem ëffentlechen Déngscht vertrieden, huet de Steve Heiliger erkläert.

“Mir hunn zwee eminent wichteg Sujeten, déi eis de Moment preoccupéieren. Dat sinn d'Pensioun an de Sozialdialog, woubäi déi zwee och nach ganz enk matenee verknüpft sinn. (...) An duerfir hu mir eis wuel solidaresch mat den zwou Gewerkschaften aus dem Privatsecteur ausgeschwat. (...) A virun allem och mat de Leit, déi do concernéiert sinn. Mee mir kënnen da mam beschte Wëllen net eng aktiv Roll do wouer huelen.”

Wat d’Pensiounen a wat de Sozialdialog ugeet, géife CGFP, OGBL an LCGB un engem Strang zéien, esou de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft.

“A wann déi zwee Sujeten eng Kéier sollen e Sujet vun enger gemeinsamer Manif sinn, also mir als CGFP wäerten op jidde Fall net déi sinn, déi dann net wäerten derbäi sinn.”

D’Reaktioun vun der OGBL-Presidentin

D’Nora Back fënnt et bedauerlech, datt d’CGFP den 28. Juni net bei der “grousser nationaler Manifestatioun” vun OGBL an LCGB matmécht, mee eng eege Protestaktioun dräi Deeg virdrun organiséiert.

D’Regierung sollt awer net ze vill erliichtert sinn, datt déi dräi grouss Gewerkschaften net zesumme manifestéieren, huet d’OGBL-Presidentin am 100,7-Interview gesot.

D’Reunioun vum 9. Juli, fir déi d’Regierung d’Sozialpartner invitéiert huet, wier net dat, wat OGBL an LCGB gefrot haten. Et wier keng Tripartite, mee eng weider Gespréichsronn, esou d’Nora Back.

play_arrow Lauschteren