arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Dury: "Déi dräi Sozialronnen hätt ee sech spuere kënnen"

Reaktioun op d'Sozialronn

|
headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Patrick Dury: "Déi dräi Sozialronnen hätt ee sech spuere kënnen"

Fir den LCGB-President Patrick Dury ass no den dräi Entrevuen tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung bedauerlecherweis eppes kloer: Dat, wat dobäi erauskoum, ass net d'Resultat vun den 3 Sozialronnen, mee dat vun der grousser Manifestatioun am Juni, zu där d'Gewerkschaften opgeruff haten.

headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow
Den LCGB-President Patrick Dury | © Chris Zeien
Den LCGB-President Patrick Dury (Foto: Chris Zeien)

Als "chaotesch" huet den LCGB-President Patrick Dury déi dräi Sozialronne beschriwwen, déi an de leschte Méint tëschent der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat stattfonnt hunn. Mam Endresultat ass hien net zefridden, well et net zu engem verhandelten Accord komm ass.

"Wann et e verhandelten Accord gi wier, ok. Och wann een net mat 100 Prozent vun de Fuerderungen duerchkomm wier. Dat ass och an enger Tripartite esou."

De Patrick Dury schwätzt vun engem Paradigmewiessel

Par contre wier et zu engem Paradigmewiessel komm, seet de Patrick Dury. D'Gewerkschaften hu massiv mobiliséiert, an d'Regierung krut Angscht viru weidere méigleche soziale Mouvementer, mengt de Patrick Dury.

Hie stellt dowéinst fest, datt den Tripartite-Modell, wéi een e bis elo kannt huet, "op en Enn komm ass."

"Mir fannen eis elo an engem anere Modell erëm."

D'Gewerkschafte missten elo kucken, wéi si an dëser neier Situatioun viru schaffe wëllen a kënnen, fir weiderhin d'Interête vun hire Memberen optimal ze vertrieden.

Net am Dialog verhandelt

De Patrick Dury gëtt der Sam Tanson Recht, déi am 100,7-Interview gesot huet, datt de Sozialdialog "eng Téitsch" kritt hätt. Dat wier esouguer nach eng Ënnerdreiwung, mengt den LCGB-President. Dat schlecht Klima, dat tëschent de Sozialpartner herrscht, hätt mat engem Accord opgebessert kënne ginn. Elo fäert hien, datt et Repercussiounen um Terrain kéint kréien.

Eenzel Saachen hunn d'Gewerkschaften awer duerchgesat kritt. Esou beispillsweis bei der Verlängerung vun den Ouvertureszäiten, bei de Kollektivverträg, der Sonndesaarbecht, an eenzel Saache beim Theema Pensioun si geännert ginn.

Dat ass fir de Patrick Dury awer bal just Niewesaach: D'Saache goufen net am Dialog verhandelt. Dat wier aneschters wéi fréier.

Fir de Patrick Dury ass et héchst bedenklech, wann een an Zukunft ëmmer misst an esou Situatioune kommen, fir Saachen ze verhandelen an ze beweegen. Hien deelt also der OGBL-Presidentin Nora Back hir Analys: Et ass net onbedéngt en Echec am Contenu, mee an der Form.

Unioun vun de Gewerkschaften huet hiert bäigedroen

A propos OGBL: De Patrick Dury ass och iwwerzeegt, datt wann et d'Unioun tëschent béide Gewerkschaften net ginn hätt, een haut an enger anerer - aus hirer Vue méi schlechter - Situatioun wier.

Schlussendlech konnt de Patrick Dury weder dementéieren, nach confirméieren, ob d'Gewerkschaften elo zeréck an de CPTE (Comité permanent du travail et de l'emploi) kommen oder net. Dat wéilt een nächst Woch op enger Pressekonferenz matdeelen.

play_arrow Lauschteren