arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez: "Ech géif et nach eng Kéier nämmlecht maachen"

Sozialdialog

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Martine Deprez: "Ech géif et nach eng Kéier nämmlecht maachen"

"Et hätt een dat Bescht doraus gemaach, elo géifen d'Conclusioune stoen", dat seet d'CSV-Sozialministesch Martine Deprez am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

D'Martine Deprez weist sech absolut net frustréiert no 11 Méint Diskussioune ronderëm d'Pensiounsreform. 

All 5 Joer iwwer Pensioune schwätzen

Et wier schéi gewiescht, wann een de Pensiounssystem fir eng ganz Generatioun ofgeséchert kritt hätt, mee bei Reforme misst een alleguer d'Leit am Boot hunn, seet d'Sozialministesch. Et kéint een net einfach mat der Briechstaang doduerch.

“Mir hu wierklech an deenen 11 Méint de Sujet Pensiounen an d’Mëtt vun der Bevëlkerung bruecht. Jiddereen huet seng Gedanke formuléiert. Jiddereen huet doheem diskutéiert, op der Aarbechtsplaz diskutéiert. Mir hunn diskutéiert. An aus all deenen Diskussiounen an deenen extreeme Positiounen ass eeben elo d’Regierung higaangen an huet Pisten op den Dësch geluecht an doraus ass elo dat entstanen, wat elo um Dësch läit.”

Eng Léier kéint sinn, datt een a Saache Pensiounsreform all fënnef Joer eng Kéier misst doriwwer kucken. D'Reform vun 2012 hätt de Grondstee geluecht fir d'Ëmdenken, esou d'Ministesch.

“Well do ass festgestallt ginn, wa mir Näischt maachen, da renne mir wierklech an d’Mauer.”

Wat soll elo geschéien?

D'Cotisatioune ginn 1,5 Prozent eropgesat, op 25,5 Prozent an d'Cotisatiounszäit gëtt bis 2030 an Etappen ëm 8 Méint an d'Luucht gesat.

Dat sinn déi dräi bis véier Joer Zäit, déi ee mat dëse Mesuren erausschléit.

“Déi, déi mat 57 an d’Pensioun ginn an déi 40 Joer cotiséiert hunn, déi dierfen och viru mat dem Alter an d’Pensioun goen, wou si bis 40 Joer cotiséiert hunn.”

Déi Leit, déi awer zäitweis an hirer Karriär net abezuelt hunn (Studiejoren, Erzéiungsjoer), déi musse vun 2026 e puer Méint méi laang schaffe goen.

Steierlech Virdeeler

Zil wier et de reelle Pensiounsalter méi no un dee legale Pensiounsalter ze kréien. Dofir sollen d'Leit mat engem steierlechen Abattement vu 750 Euro de Mount dozou motivéiert ginn net direkt an d'Pensioun ze goen.

 

play_arrow Lauschteren