arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Refugiéen aus Eritrea fuerdere Service d'accueil

Logement fir Refugiéen

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Refugiéen aus Eritrea fuerdere Service d'accueil

Ronn 50 Flüchtlingen aus dem Eritrea déi an de Strukture vum ONA ënnerbruecht sinn hu sech de Moien op Initiativ vum "Collectif de personnes en détresse de logement" zu Wuert gemellt. An engem Bréif un déi zoustänneg Ministere verlaange si e Service d'accueil fir Leit déi keng Wunneng fannen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

An hirem Bréif fuerderen d'Leit aus Eritrea och d'Schafe vu bëllegem Wunnraum fir déi Concernéiert, fir ënner wierdege Conditioune kënnen ze liewen. Déi Responsabel vum Kollektiv wollten dobäi am Hannergrond bleiwen a just deene Betraffenen eng Stëmm ginn. 

Ee vun deene Betraffenen ass de 17 Joer alen Hermias, dee mat senger Mamm a sengen zwou Schwësteren an engem Foyer zu Zolwer ënnerbruecht ass. Zënter 6 Joer ass hien zu Lëtzebuerg a Support fir aus engem Foyer rauszekommen an en eegene Logement ze kréien, kruten hien a seng Famill net wierklech.

"Le jour qu'on est venu, on était à Strassen. Quelques mois après, ils nous ont transféré à Mersch. Après de là, on a demandé s'ils pouvaient nous aider à trouver des maisons. Mais ils nous ont dit que c'était pas encore le moment, parce qu'on allait encore une fois changer de foyer."

Leit ginn deelweis op d'Strooss gesat

Et waren eng zech Temoignagë wéi dësen déi op dëser Pressekonferenz ze héiere waren, eng Konferenz op där ausdrécklech déi betraffe Leit sollten d'Wuert hunn. Et handelt sech an dësem Fall ëm Flüchtlingen aus dem Eritrea. Leit déi viru Krich an Diktatur geflücht sinn an och de Schutzstatut accordéiert kruten. En Deel vun de Leit schafft oder geet an d'Schoul. Déi meescht liewen a Foyeren ënner lamentabele Conditiounen, dacks zu véier bis fënnef an engem Raum an zum Deel och ouni Fënster, sou d'Temoignagen. Verschiddener haten als Preuve d'Geriichtsurteel derbäi mat dem se mat hire Kanner virun d'Dier solle gesat ginn, wéi de Solomon Mokonen erkläert.

"Il y a un grand problème de logement ici au Luxembourg et il y a de familles, qui sont déjà dehors dans la rue, il y a six enfants avec la famille. Alors, ça c 'est les premières parties qui ont un grand problème, mais la deuxième partie aussi, il y a à peu près plus de 50 personnes aussi qui, je sais déjà, qui ont déjà reçues une lettre de tribunal qui doivent sortir du logement ou du foyer."

Dowéinst hätt een elo wéilte mat den zoustännge Ministere schwätzen, fir Léisunge fir déi Problemer ze fannen, esou nach de Solomon Mokonen.

Hinne wier bewosst, datt d'Logementssituatioun zu Lëtzebuerg schwiereg wier an och aner Leit laang op eng Wunneng waarde géifen, mee vun engem vun de räichste Länner op der Welt hätte si sech eng besser Hëllef erwaart. Mam Bréif un d'Ministere vum Interieur, fir Famill, Logement a Finanzen hofft een elo op gezielte Verbesserungen.

play_arrow Lauschteren