D'lescht Woch ass bekannt ginn, datt d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD den 8. Oktober eng ausseruerdentlech Generalversammlung aberifft, fir mat hire Memberen doriwwer ze decidéieren, ob een d'Konventioun mat der Gesondheetskeess wéilt opléisen. Dat kuerz virun der Quadripartite.
De President vun der AMMD, de Chris Roller, erkläert dës Decisioun duerch en Echec vun der Mediatioun zu der Revalorisatioun vun den Dokteschtariffer. Déi mussen all zwee Joer nei negociéiert ginn.
“Do si mir effektiv am September am Echec auserneegaangen an dat war eeben den ausschlaggebende Punkt fir ze soe mir mussen elo relativ séier eng AG aberuffen, fir déi Saachen ze diskutéieren.”
De Christian Oberlé, President vun der CNS, seet kuerz drop, datt et fir all d'Parteie géif drëm goen de Gesondheetssystem ze optimiséieren a méi effizient ze gestalten, dowéinst géifen d'Iddie vun alleguerten de Parteie guer net esou wäit ausernee leien.
Revalorisatioun vun den Dokteschtariffer
D'AMMD hätt gär 2,68 Prozent gehat, d'CNS wollt der awer nëmmen 1,34 Prozent ginn. D'AMMD gesäit sech dobäi als benodeelegt par rapport zu de Spideeler un.
Dat wier awer falsch, seet den CNS-President Christian Oberlé. Et wier eng Verwiesslung, wann ee géif soen, datt d'Spideeler besser géifen ewechkommen. D'CNS hätt den Doktere 50 Prozent vum gesetzleche Maximum proposéiert.
An de Spideeler krut d'Personal 2,5 Prozent par rapport zum jeeweilegen Akommes.
“An dat ass eng ganz einfach Applikatioun vum Gesetz am Secteur public. Do ass et keng Verhandlung vun eis (CNS), mee vum Ministère. An och do si Kompromësser gemaach ginn.”
Am Absolute gekuckt wier dat, wat d’AMMD proposéiert krut, 30 bis 40 Prozent méi, wéi dat wat d'Spidolspersonal krut, sot nach de Christian Oberlé.
De Chris Roller huet d'Argument vun der AMMD widderholl, datt et en Interessenskonflikt bei der CNS géif ginn. Dat well Gewerkschaftsvertrieder:innen am Verwaltungsrot vun der CNS sëtzen. Als Hannergrond: De Verwaltungsrot vun der CNS besteet aus Patronat, Gewerkschaften a Staatsvertrieder:innen.
Lauschtert de ganzen Interview mam Chris Roller
De Christian Oberlé kann d'Argument vun der AMMD net novollzéien. Iwwerdeems kéint et och bei der AMMD zu Interessenskonflikter kommen.
“Ech menge bei alleguer de Partie-prenantë si Konflikter méiglech. Also ech muss soen, wann ech elo als President kucken, krut ech nach ni iergendeen Drock iwwer de méiglechen Interessenskonflikt vun de Gewerkschaften.”
Esouwuel d’AMMD, d’Santé wéi och d’CNS confirméieren, datt en Opléise vun de Konventioune keen direkten Impakt op d'Patient:innen hätt. Dat well d’Konventioun souwisou nach 12 Méint géif weiderlafen an an där Zäit missten nei Negociatiounen opgeholl ginn.
Finanziell Kris: "Keng Zäit méi fir en Doute"
Den CNS-President betount op en Neits, datt de Budget vun der CNS an der Kris ass.
“Haut wësse mir wéi et an den nächste Jore wäert sinn an elo ass keng Zäit méi fir en Doute.”
D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun weist sech staark enttäuscht vun der CSV-DP-Regierung. Et hätt ee sech méi erhofft, seet nach de Chris Roller. Virun allem a Saache vum ambulante Secteur hätt ee méi versprach krut.
De Christian Oberlé ass iwwerdeems just nach ronn e Mount President vun der CNS, duerno ass säi Mandat no 7 Joer fäerdeg an hie wëllt net verlängeren.