Virun dëser Gespréichsronn hat de Premier Luc Frieden jo gesot, datt d’Diskussiounen dës Woch sollen ofgeschloss ginn, ob mat oder ouni Accord op alle Punkten.
Am 100,7-Interview erkläert d’OGBL-Presidentin Nora Back, datt d’Gewerkschafte ganz determinéiert wiere fir en Accord ze fannen.
“Et hänkt ganz villes dovunner of, ob mir einfach do uknäppen, wou mir de 14. Juli opgehalen hunn. A wann dat sou ass, da kann et gutt ausgoen. Well mir waren e gutt Stéck weider komm. Mir haten op alle wesentleche Punkten eigentlech richteg vill Efforte scho gemaach, a richteg vill Punkten, wou mir eis awer eens kéinte ginn.”
Ganz anescht kléngt dat op Säite vum Patronat, am Virfeld vun der drëtter Gespréichsronn. De President vum Patronatsdaachverband UEL Michel Reckinger ass der Meenung, datt d’Politik hir Responsabilitéit elo soll huelen a soll decidéieren.
“Ech hu schonn an anere Statements gesot, datt ech fannen, datt mir als Sozialpartner keng Legitimitéit hunn, fir doriwwer, fir do ofzestëmmen oder do een Accord ze ginn oder iergendeppes festzeleeën. Dat ass d’Parlament.”
Et wier un deene Parteien, déi gewielt goufe fir iwwer déi Punkten ze decidéieren, esou nach de Michel Reckinger.