arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drëtt Sozialronn: Ëm wat geet et a wat sinn déi verschidde Positiounen?

Politik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Drëtt Sozialronn: Ëm wat geet et a wat sinn déi verschidde Positiounen?

Haut um Mëttwochmoien um 10 Auer geet d'Sozialronn tëschent de Vertrieder:inne vu Regierung, Patronat a Gewerkschafte weider. No den éischten Entrevuen am Juli gëtt vun haut u weider iwwer déi geplangte Pensiounsreform, grad ewéi d'Ouvertureszäiten an d'Sonndesaarbecht am Handel diskutéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© 	SIP / Claude Piscitelli
(Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Ee vun de grousse Punkte vun de Sozialgespréicher ass d'Pensiounsreform, déi vun der Regierung envisagéiert gouf. De Premierminister Luc Frieden hat a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Mee vun dësem Joer ugekënnegt, d'Cotisatiounszäit wëllen ze erhéijen.

D'Pensiounsreform

Eng Iddi, déi och d'Patronatsvertrieder ënnerstëtzen. D'Gewerkschafte sinn op dësem Punkt awer guer net d'accord gewiescht. Och well si ufanks bei dësen Diskussiounen net mat agebonne goufen.

Fir si wieren d'Erhéijunge vun de Cotisatiounsbäiträg an d'Schafe vun neie Recetten d'Léisunge fir eng Pensiounsreform.

D'Sonndesaarbecht

E weidere Punkt um Ordre du jour vun der Sozialronn ass d'Sonndesaarbecht. Dës ass bis ewell op 4 Stonne limitéiert a soll eventuell iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn.

An der Ried zur Lag vun der Natioun hat de Luc Frieden dozou gesot, d'Leit dierfte sonndes méi schaffe goen, mee si missten awer sonndes net schaffe goen. Aus der Siicht vum Patronat misst et den Employéen erlaabt sinn, op engem Sonndeg kënnen 8 Stonnen ze schaffen.

D'Gewerkschafte wiere weder net komplett géint d'Sonndesaarbecht, nach géint liberaliséiert Ëffnungszäiten am Commerce. Allerdéngs sollen déi Mesuren iwwer eng Regulariséierung duerch Kollektivverträg lafen.

Ëffnungszäiten am Commerce

D'Ëffnungszäiten am Commerce sinn den drëtte Schwéierpunkt vun der Sozialronn tëschent Regierung, Gewerkschaft a Patronat. D'Fro ass hei, ob Commercë méi fréi op a méi spéit zoumaachen dierfen.

E Gesetzesprojet vum Wirtschaftsminister Lex Delles am Dezember zejoert hat virgesinn, datt d'Betriber ënner der Woch solle vu 5 Auer moies bis 22 Auer owes ophunn. Un de Weekender bis 19 Auer owes.

D'Patronat hat sech deemools scho fir eng komplett Liberaliséierung ausgeschwat, also bis Hallefnuecht an doriwwer eraus.

Wann et dem Premier Luc Frieden no geet, sollen déi Gespréicher séier ofgeschloss ginn. Am 100,7-Interview sot hien d'lescht Woch, et misst ee jo och net op alle Punkten en Accord hunn.

play_arrow Lauschteren