arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Feminismus-Ideologie": Gaaschtbäitrag vum Gérard Schockmel suergt fir Opreegung

Am Lëtzebuerger Wort

|
headphones

1 min

"Feminismus-Ideologie": Gaaschtbäitrag vum Gérard Schockmel suergt fir Opreegung

D‘Gläichstellungsministesch Yuriko Backes kritiséiert e Gaaschtbäitrag gëschter um Samschdeg am Lëtzebuerger Wort vun hirem Parteikolleeg, dem DP-Deputéierte Gérard Schockmel. Deen huet behaapt, datt d‘Ofdreiwungsdebatt hei am Land vun der Zitat "Ideologie vum Feminismus" beherrscht wier.

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Dat wier eng a sengen Aen "récksichtslos" Ideologie, déi eis Gesellschaft "polariséieren a radikaliséiere" géif.

Enn leschte Mount sot de Gérard Schockmel schonn am 100,7-Interview, datt hien dogéint ass fir d'Recht oder d‘Fräiheet op Ofdreiwung an d'Verfassung ze schreiwen. Et wier traureg, de Weekend mat esou engem "Gaaschtbäitrag" unzefänken, an dat am Joer 2025, esou d‘Yuriko Backes.

Feminismus wier keng radikal Ideologie, an et wier net de Feminismus, dee splécke wëllt. "Et sinn Tendenzen, déi d’Auer zeréckdréie wëllen, déi dës Intentioun hunn“, esou d‘Ministesch.

Den Text, fir d’Fräiheet op Ofdreiwung an d’Verfassung opzehuelen, gouf d‘lescht Woch iwwerdeems an der zoustänneger Chamberkommissioun mat breeder Majoritéit ugeholl. E geet elo an de Staatsrot.