Ënner anerem d'Dokteren, d'Laboen an d'Prestataire géife mat an d'Boot geholl ginn. Mat dësen Aarbechtsgruppe sollen d'Prestatioune besser openeen ofgestëmmt ginn, erkläert d'Martine Deprez. Zum Beispill soll vermidde ginn, datt verschidden Analysen net méi dacks pro Joer gemaach ginn ewéi néideg.
"An esou Saache wäerte mer en place setzen, fir ze kucken, ob dat wat consomméiert gëtt och wierklech muss consomméiert ginn.
Duerch déi Mesuren sollen an den nächsten dräi Joer 140 Milliounen Euro Ausgaben evitéiert ginn.
Aner Weeër viru Cotisatiounserhéijung
Op der Quadripartite gëschter wieren d‘Sozialpartner sech och eens gewiescht, datt Cotisatiounen net sollen direkt gehéicht ginn, sot d‘Martine Deprez de Moien am 100,7 Interview. Spéitstens 2027 falen awer d’Reserve vun der Gesondheetskeess ënnert de minimale legale Seuil, sou datt een do net laanscht eng Hausse vun de Cotisatioune kéim. Mat der aktueller ekonomescher Situatioun wéilt een awer als éischt aner Weeër goen, esou d‘Martine Deprez.
"Mir gi jo elo an de Pensiounskeese gi mer ee Prozent bäisetzen, fir all Partner, da wier do elo nach eppes derbäi komm. An duerfir hu mer gesot, nee, komm mir waarden elo mol kucke mer, wat mer anescht kënnen erreechen, an da féiere mer déi Diskussioun d'nächst Joer am November."
Vun 2027 u sollen d‘Cotisatioune vun aktuell 5,6 op 5,85 Prozent klammen, huet et gëschter op der Quadripartite geheescht.