arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanziell Situatioun vun der CNS bleift "alarmant", sou CNS-President

CNS-Joresrapport

|
headphones

1 min

Finanziell Situatioun vun der CNS bleift "alarmant", sou CNS-President

Et missten "rigouréis" Moossnahmen ergraff ginn, fir déi Siuatioun ze verbesseren, seet de President vun der CNS, de Christian Oberlé, am Joresrapport vun zejoert. Effektiv gouf et am Budget bei der CNS d‘lescht Joer een Defizit vu ronn 26 Milliounen Euro.

headphones

1 min

De Christian Oberlé lancéiert een Appell un all déi bedeelegt Acteuren, fir déi – wéi hien et nennt – "Quadratur vum Kreess" opzeléisen. Bei der Fleegeversécherung gouf et allerdéngs d‘lescht Joer een Iwwerschoss vun iwwer 80 Milliounen Euro.

Am Budget bei der CNS gouf et iwwerdeems d‘lescht Joer een Desequiliber: D‘Dépensë ware mat 4,55 Milliarden Euro liicht méi héich wéi d‘Recetten, déi bei 4,52 Milliarden Euro louchen. Deemno gouf et d‘lescht Joer een Defizit vu ronn 26 Milliounen Euro. Bei der Fleegeversécherung gouf et allerdéngs een Iwwerschoss vun iwwer 80 Milliounen Euro.

Ëmmer méi Doktere benotzen de PID

Weider ass et d'Info, datt bal 2.000 Dokteren an Zänndokteren entretemps de sougenannte PID, de paiement immédiat direct, géifen notzen. Am Verglach: Am Juli zejoert waren et der nach knapp 260. Iwwer dräi Véirel vun de medizinesche Leeschtunge géifen elo esou rembourséiert ginn, esou nach d'CNS. 

Beim PID bezilt de Patient oder d'Patientin no enger Consultatioun just seng Participatioun.