arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofdreiwung an der Verfassung: DP proposéiert neie Wording

Fraerechter

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Ofdreiwung an der Verfassung: DP proposéiert neie Wording

D’DP wäert d’Decisioun matdroen, fir d’Ofdreiwung an d’Verfaassung anzeschreiwen. Dat huet d’Parteipresidentin Carole Hartmann an der Reunioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt. Si huet allerdéngs eng aner Formulatioun proposéiert.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow
DP-Parteipresidentin Carole Hartmann | © Chambre des Députés
DP-Parteipresidentin Carole Hartmann (Foto: Chambre des Députés)

Am Plaz vun engem Recht op Ofdreiwung, proposéiert och d’DP d’Formulatioun vun enger Fräiheet fir d’Ofdreiwung. Zil wier et, ee Wording ze fannen, dee breet gedroe gëtt, fir eng Majoritéit ze kréien, esou d'Carole Hartmann am 100,7-Interview.

“An dunn hu mir eeben intern déi Diskussioun gefouert. Mir hunn ëmmer vun (...) der Selbstbestëmmung vun der Fra geschwat. Si decidéiert an deenen éischten zwielef Wochen, ob si e Kand wëllt op d'Welt setzen oder net. Dat heescht et ass eng Fräiheet, et ass ee Choix.”

Juristesch Nuancen

Juristesch géifen déi zwou Formulatiounen och een Ënnerscheed maachen, erkläert d’Carole Hartmann.

“Bei enger Fräiheet, do geet et drëms e Choix personnel ze consacréieren, eng eegen Decisioun, déi mat där Fräiheet zesummenhänkt. Wann ee vun engem Droit schwätzt, vun engem Recht, da schwätzt ee vun eppes, wat och enger anerer Persoun oder zum Beispill och dem Staat opposabel ass.”

Ee Recht op Ofdreiwung kéint sech deemno och op d'Gesondheetspersonal auswierken: Wann d'Personal zum Beispill net wéilt aktiv un enger Ofdreiwung bedeelegt sinn, huet d’Carole Hartmann erkläert.

Wann, an deem Fall, een Dokter oder eng Doktesch eng Ofdreiwung refuséiere wéilt, kéint ee Recht géint dat anert ageklot ginn an et misst eng Proportionalitéitsanalys gemaach ginn. Eng Situatioun, déi mat enger Fräiheet fir d'Ofdreiwung kéint evitéiert ginn, mengt d’DP-Presidentin.

"Recht" wierkt méi staark wéi "Fräiheet"

Ob d’Recht op Ofdreiwung méi staark ass, wéi d’Fräiheet, dat wier eng juristesch Diskussioun, déi elo gefouert gëtt, huet d'Carole Hartmann erkläert.

“E Recht wierkt à première vue méi staark, well et eeben opposabel ass (...). A bei enger Libertéit, do schwätze mer vun eppes, wou et drëms geet enger Persoun den eegene Choix ze ginn, ze decidéiere wat se wëll maachen.”

Dat wichtegst wier fir d'Carole Hartmann awer, datt d’Ofdreiwung iwwerhaapt an d’Verfassung kënnt.

“Fir domadder eebe Schutz ze schafen, datt déi Acquisen,(...) datt ee kann ofdreiwen, datt dat och soll bestoe bleiwen, net wéi an anere Länner, wou op eemol d'Ofdreiwung verbuede gëtt.”

Den neie Wording kéint villäicht dozou féieren, datt och Leit dofir stëmmen, déi bis elo Zweiwel haten. Bannent der DP hätt een allerdéngs ee breede Konsens, datt d’Ofdreiwung an d’Verfassung soll kommen. Et géif ee just um Wording diskutéieren.

play_arrow Lauschteren