arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Schockmel reagéiert op Kritik u sengem Meenungsbäitrag

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Gérard Schockmel reagéiert op Kritik u sengem Meenungsbäitrag

De Gérard Schockmel huet sech haut eng éischte Kéier zu Wuert gemellt no sengen ëmstriddenen Aussoen iwwer Feminismus. Den DP-Deputéierten huet an der Chamber betount, datt hie sech weiderhi mat de Wäerter vun der DP identifizéiert a sech a senger Partei och nach ëmmer gutt opgehuewe fille géif.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Hannergrond ass een ëmstriddenen Artikel vum DP-Deputéierten an deem hie sech kritesch zur Roll vum Feminismus an der Debatt ronderëm d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung äussert. A senger kuerzer Interventioun an der Chamber um Mëttwochmoien huet de Gérard Schockmel iwwer humanistesche Feminismus geschwat, deem d’Gesellschaft vill ze verdanken hätt.

"Deen Humanismus, dee fannen ech och erëm a menger Partei. Mir hunn eng grouss Traditioun schonn zënter bal 70 Joer, fir eeben am Sënn vun de Fraerechter, am Sënn vun der Famill, am Sënn vun de Kanner, Neierungen ze maachen, Reformen ze maachen. Mir hunn, ech géif se nennen, grouss Dammen a menger Partei. Wann ech un d'Anne Brasso denken, un d'Colette Flech, wann ech un d'Lydie Polfer denken, wat elo wierklech scho Joerzéngten am Asaz ass, wann ech un déi méi nei Generatioun denken, un e Corinne Cahen, da kann ech soen, datt ech an dëser Partei ganz gutt opgehuewe sinn. Well dat sinn och meng Wäerter."

Op d’Debatt, déi viru senger Interventioun stattfonnt huet, ass hien net weider agaangen. Do ass et ëm eng Resolutioun zum Stäerke vun der Gläichstellung vun de Geschlechter an der Chamber gaangen, déi déi gréng agereecht haten. Fir den ADR-Deputéierte Fred Keup huet et sech dobäi em eng "iwwerflësseg" Resolutioun gehandelt. D’Resolutioun ass mat 55 Jo- zu 5 Nee-Stëmmen ugeholl ginn. 

play_arrow Lauschteren