arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CCDH begréisst Gesetzesprojet fir Certificats de virginité ze verbidden

Consultativ Mënscherechtskommissioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

CCDH begréisst Gesetzesprojet fir Certificats de virginité ze verbidden

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun begréisst an engem Avis de Gesetzesprojet, mat deem sougenannt Certificats de virginité zu Lëtzebuerg solle verbuede ginn - also Certificaten déi beweise sollen, datt eng Fra nach Jongfra ass. Dat wier e klore Fortschrëtt am Kampf géint d‘Gewalt géint Fraen an d'Unerkennung vun hire Rechter, esou d'CCDH.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Dokter | © Bigstock
Dokter (Foto: Bigstock)

Et gi keng Zuelen iwwer Fäll, wou esou Certificaten zu Lëtzebuerg ugefrot an ausgestallt goufen, erkläert d'Charlotte Brouxel, Juristin bei der CCDH. Mee bei der Chamberdebatt zejoert iwwer dee Sujet hätten eng Professorin an eng Sozial-Assistentin Beispiller ginn. Allebéid wiere si virun allem vu jonke Fraen an och Mannerjäregen drop ugeschwat ginn.

"Il faut aussi dire que dans un contexte où le caractère discriminatoire de ces pratiques est de plus en plus condamné ouvertement."

Verbuet vun der Hyménoplastie

Et wier deemno ze bezweifelen, datt Dokteren, déi esou ee Certificat ausstellen, dat och oppen zouginn. 

Elo soll et also och zu Lëtzebuerg verbuede ginn Ënnersichungen ze maachen a Certificats de virginité auszestellen. Och d'Hyménoplastie, d'Rekonstruktioun vum sougenannte "Jungfernhäutchen", soll verbuede ginn. Dat gesäit déi consultativ Mënscherechtskommissioun als evidente Fortschrëtt.

"Car ce sont des pratiques qui sont discriminatoires, médicalement infondées et porteuses de graves conséquences psychologiques et physiques."

Bedenkzäit virun Ofdreiwung eng "paternalistesch Approche"

Deselwechte Gesetzesprojet gesäit och eng Ännerung bei der Ofdreiwung vir, déi scho jorelaang vu Planning Familial an anere gefuerdert gëtt: Den Ament musse Fraen, no enger Consultatioun beim Gynekolog, eng Bedenkzäit vun dräi Deeg virun der Ofdreiwung respektéieren. Deen Delai soll elo ofgeschaaft ginn. Déi Bedenkzäit géif Fraen ënnerstellen net capabel ze sinn ouni Hëllef eng Decisioun ze treffen, esou d'Charlotte Brouxel.

"C'est une approche paternaliste qui va à l'encontre de l'autonomie et du respect des droits reproductifs.”

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun mécht an hirem Avis awer och Recommandatiounen, déi méi wäit ginn. Dorënner, datt de legalen Delai fir eng Ofdreiwung vun 12 op 14 Woche misst verlängert ginn. 

 

play_arrow Lauschteren