2024 goufen et, an der Moyenne, 98 Interventioune vun der Police wéinst haislecher Gewalt pro Mount.
Méi wéi 3 mol den Dag intervenéiert d’Police wéinst haislecher Gewalt
Am ganze goufen d‘lescht Joer 1.178 Interventioune wéinst haislecher Gewalt enregistréiert. Dat waren der 120 méi, wéi d‘Joer virdrun. 287 Expulsioune goufen ordonéiert. A 87 Prozent vun de Fäll waren d’Täter Männer an iwwer 80 Prozent vun den Affer ware Fraen.
Méiglech Ursaache fir dës Hausse kéinten eng besser Detektioun an e bessere Signalement sinn, heescht et am Rapport. Et kéint awer och weisen, datt sech d’Situatioun vun der haislecher Gewalt géif verschlëmmeren.
“Elle peut aussi refléter une intensification des violences ou une augmentation du nombre de cas, ce qui interroge sur les causes profondes (inégalités de genre, précarité, dépendance affective ou économique,…)”
Een Drëttel vun de Frae schafft Deelzäit
Et wier ëmmer nach eng Realitéit, datt 36 Prozent vun de Fraen Deelzäit schaffen, heescht et am Rapport. Am Verglach: Nëmmen 8 Prozent vun de Männer hunn 2022 Deelzäit geschafft.
Dee Kontrast géif virun allem duerch sozial an ekonomesch Facteure kommen. Sou iwwerhuele Fraen ëmmer nach de gréissten Deel vun der Care-Aarbecht, also d’Tâchen am Stot a bei de Kanner. Frae sinn iwwerdeems majoritär an deene Beräicher representéiert, an deene méi Deelzäit geschafft gëtt (Santé, Educatioun...). An de Choix fir Deelzäit wier net ëmmer fräiwëlleg, mee kéint duerch a Manktem u Méiglechkeete kommen.
Den Ënnerscheed am Beschäftegungstaux wier awer an de leschten 10 Joer erofgaangen. Dat wier dorop zeréckzeféieren, datt Fraen e besseren Zougang zum Aarbechtsmarché hätten.
Männer hunn e méi grousse Joresverdéngscht
Obwuel Frae liicht méi pro Stonn géife verdéngen, hätte Männer ëmmer nach dee méi grousse Joresverdéngscht. Dat géif an éischter Linn doru leien, datt Frae méi an Deelzäit schaffen, si méi dacks hir Karriär mussen ënnerbriechen an datt si manner dacks Accès zu Responsabel-Posten hunn.
Männer kréien och an der Moyenne e méi héije Joresboni. Am Joer 2022 loung den Duerchschnëtt bei de Männer bei 12.668 Euro, Frae kruten am Verglach nëmmen 9.380 Euro.
Méi laang Liewenserwaardung awer manner Qualitéit
Fraen hunn eng méi laang Liewenserwaardung wéi Männer (Duerchschnëtt 85,2 Joer am Verglach zu 80,8 Joer) awer d’Joren “en bonne santé” si bei de Männer méi wéi bei de Fraen.
Och déi depressiv Symptomer si bei de Frae mat 9,2 Prozent méi héich wéi bei de Männer mat 7,2 Prozent. Deen Ënnerscheet kéint doru leien, datt Männer depressiv Symptomer manner unerkennen a signaléiere géifen, esou steet et am Rapport.