Nieft dësen negativen Entwécklunge ginn awer och méi positiv Entwécklungen aus dem Joresbericht vun der Police ervir. Deemno wier d’Unzuel un Attacken a Beleidegunge géintiwwer de Poliziste lescht Joer ëm iwwer 20 Prozent zréckgaangen.
Fir d’Directrice vun der Police judiciare Kristin Schmit dierft dat op eng bestëmmte Mesure zeréckzeféiere sinn.
"Zënter dem Juni hu mer d'Bodycams operationell. Mir kënnen d'nächst Joer vun enger richteger Incidence schwätzen, mee am Fong ass et am Moment scho ganz positiv, well mer do eng Baisse hunn. Dat schéngt e Moyen ze sinn, deen ofschreckend ass, datt eis Leit manner a Gefor sinn, fir Affer vu Rebellioun ze ginn."
Misogynie an Anti-LGBTQIA+-Narrativ geet erop
Ee Sujet, deen d’Police iwwerdeems ëmmer méi beschäftegt, wier d’Kriminalitéit am Internet. Hei mécht der Kristin Schmit virun allem ee Phenomen Suergen, wat och am Ausland constatéiert gëtt.
"Mir hunn och Denonciatiounen iwwer antisemittesch Discoursen, komplottistesch Discoursen, iwwer d'Extrême droite, wou eng nei Mutatioun ass, vu Misogynie, Incel a Pedo-Hunter. Mir constatéieren Narrativ Pro-Russland an Anti-LGBTQAI+ gesi mer och ganz vill. Dat ass also schonn ee Phenomen, deen eis inquietéiert an och vun d'Jugend an den Algorythme geziilt manipuléiert ginn a rekrutéiert ginn."
D'Zuel vu Bedruchsfäll wier zejoert ëm méi wéi 10 Prozent erofgaangen am Verglach zum Joer virdrun. Ënner Bedruchsfäll fällt och de sougenannte "Phishing", bei deem Krimineller online probéieren u sensibel Donnéeën, wéi Passwierder oder Bankdonnéeën ze kommen.
Nei Form vun Online-Bedruch: Smishing
D'Police hätt eng speziell Taskforce en place, déi sech géif ëm "Phishing" këmmeren, esou d'Directrice. Déi hätt och schonn 33 Täter verhaft.
"Et sinn zum Deel ganz lokal Täter. Dat ware lo net Leit, déi aus dem Ausland komm sinn, mee dat ware Leit, déi rekrutéiert gi sinn aus prekäre Situatiounen hei am Land."
Online géifen awer och nei Forme vu Bedruch entstoen, beispillsweis de sougenannte "Smishing".
"Dat ass de Volet vum Crypto, wou Saache geklaut ginn. Dat ass eppes, wou mir wäerten déi nächst Joren nach weider drop wäert leeën."
Léon Gloden wëllt weiderhin de verstäerkte Plazverweis
Och d’Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg géif der Police vill Aarbecht maachen, sot den CSV-Policeminister Léon Gloden.
"Dat hu mer besonnesch d'lescht Joer festgestallt, wou mer zesumme mat der Douane ronn 3,5 Tonnen un Droge konnte saiséieren. Déi Affären, déi mer do konnten opdecken, weist, datt Lëtzebuerg am Zentrum vun Europa do keng Insel ass an eis Efforte musse weider oprechterhal ginn. Mir konnten och d'lescht Joer 216 Verhaftunge verbuchen am Kader vun der Drogekriminalitéit."
Dat wier keen Zoufall. Dem Policeminister Léon Gloden säin Zil fir dëst Joer ass et fir de verstäerkte Plazverweis anzeféieren. Dat wier ee Verspriechen, dat hie gemaach hätt an och wéilt anhalen, esou de Léon Gloden.