arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Fraerot feiert 50 Joer

Fraerechter

|
headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow

Nationale Fraerot feiert 50 Joer

An enger Aktualitéit, déi vun der Fro dominéiert gëtt, ob a wa jo wéi d'Recht op Ofdreiwung soll an d'Verfassung geschriwwe ginn, feiert den Nationale Fraerot (CNFL) seng 50 Joer. Am 100,7-Interview schwätzt d'CSV-Deputéiert iwwer Erfolleger, Prioritéiten an Ofdreiwung.

headphones

2 min

headphones

10 min

play_arrow
© Marlène Clement
(Foto: Marlène Clement)

Bis 1975 stoungen erwuesse Fraen nach ënner der Tutelle vun hirem Mann. Dat heescht, Frae kënnen eréischt zënter 50 Joer en eegene Bankkonto opmaachen oder en Aarbechtskontrakt ënnerschreiwen, ouni dofir d’Erlabnis vun engem Mann ze brauchen. 

50 Joer net méi ënner männlecher Tutelle

Den Nationale Fraerot gouf deemools gegrënnt, fir genee déi Tutelle ofzeschafen. Mat Erfolleg gouf de Code civil geännert. Ënner anerem huet den CNFL sech dofir agesat de Congé parentale anzeféieren oder eng Individualiséierung bei de Steieren oder och d’Roll an der Politik.

Iwwerdeems hätt den CNFL deen éischte Foyer fir Fraen an Nout opgemaach, erënnert sech d’Presidentin vum CNFL an CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler.

A Saache Recht op Ofdreiwung huet den Nationale Fraerot e positiven Avis ofgi fir d'Recht an der Verfassung ze verankeren. Trotzdeem hätt et bannent dem CNFL och Diskussioune ginn, seet d'Nathalie Morgenthaler. Nach virun den Diskussiounen iwwer de Wording an der Verfassung (also "droit" versus "liberté garantie") goufen et am CNFL d'Diskussiounen doriwwer, datt misst betount ginn, datt eng Ofdreiwung eng Ausnamesituatioun bleiwe sollt an datt se net sollt banaliséiert ginn, esou d'Nathalie Morgenthaler.

An der CSV ginn d'Meenunge wäit auserneen. D'Nathalie Morgenthaler huet sech fréi konkreet fir d'Aschreiwen vum Recht an d'Verfassung ausgeschwat.

"Net all de Frae virdrun an de Réck falen"

An der CSV géif et op där enger Säit d'Diskussioun doriwwer ginn, ob een iwwerhaapt d'Verfassung nach eng Kéier wéilt opmaachen.

“Wa mir dat do erabréngen, wéi eng aner Theeme kéinten dann nach a Fro kommen?”

An och bei der Terminologie wier ee sech bannen der Partei juristesch net eens.

“Fir mech ass et dat wichtegst, datt mir eis iwwer d’Zilsetzung eens ginn. Datt mir et an d’Verfassung bréngen, datt mir do dee gréisst méigleche Konsens hunn. A wann dat Wuert Fräiheet de Kompromëss sollt sinn, da solle mir op dee Wee goen.”

Si kéint et net mat hirem Gewëssen ausmaachen all de Fraen aus der Vergaangenheet an de Réck ze falen, esou nach d'CSV-Deputéiert.

An Zukunft misst een och weider net-binär an Transpersoune méi matabannen.

play_arrow Lauschteren