arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affer vu sexueller a physescher Gewalt sollen an Zukunft besser geschützt sinn

Chamber hëlt Petitioun un

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Affer vu sexueller a physescher Gewalt sollen an Zukunft besser geschützt sinn

D'Chamber huet eng Petitioun ugeholl, déi e bessere Schutz fir Affer vu sexueller a physescher Gewalt virgesäit. D'Associatioun Voix des Survivant(e)s hat dës Petitioun agereecht a 57 Amendementer ausgeschafft an der Chamber virgeluecht. 

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

D'Ana Pinto vun der Associatioun Voix des Survivant(e)s huet scho virum Debat an der Chamber am 100,7-Interview erkläert, firwat een et fir néideg fonnt huet, dës Petitioun anzereechen.

"Mir wëssen, wéi den Hues hei zu Lëtzebuerg leeft, an datt ganz oft leider de Victimmen net gegleeft gëtt, an op eise Geriichter ganz oft net richteg eppes gemaach gëtt fir d'Victimmen, well d'Gesetzer e bëssen ze vill large sinn."

Am Ausland wier d'Gesetzeslag eng aner, esou d'Ana Pinto.

"An do hu mir wärend annerhallwem Joer akribesch d’Gesetzer vun deenen anere Länner studéiert, an do hu mir gesinn, datt déi awer ganz aner Gesetzer hätten, déi vill méi fir d'Victime ass, fir de Schutz vun der Victime. An do hu mir déi Saachen erausgepickt."

Petitioun wäert "konkreet Suitte" kréien

Op ganzer 57 Propose fir legislativ Instrumenter a Moyene fir d’Justiz ass een doduerch komm. Ënner anerem ass dodran enthalen: D'Schafung vun engem spezialiséierten Tribunal fir genderbaséiert Gewalt, de Rekrutement vu spezialiséiertem Personal an d'Aféierung vum Contrôle coercitif an de Code penal.

D'Berodung vun der Petitioun war zimmlech séier ofgeschloss, wéi d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener ugemierkt huet, an dat net nëmmen, well ee sech dobäi eens war, datt d'Propositioune géifen an de Chamberkommissiounen diskutéiert ginn.

"Parallel huet d'Madamm Backes gesot, datt de Comité de violence amgaangen ass eeben och Är Propositiounen alleguerten duerchzekucken. An dat ass jo dann och eng gutt Aarbechtsbasis, fir och dorobber ze schaffen. Also et kritt, dat kann ech Iech soen, konkreet Suitten, well et eeben op den Ordre du jour kënnt."

Et wier eng ganz breet Thematik, esou nach d'Francine Closener. Dowéinst misst een elo nach kucken, a wéi enge Kommissiounen déi 57 Propose géifen traitéiert ginn.

play_arrow Lauschteren