Am Avis, deen eestëmmeg gréng Luucht gëtt, vertrëtt de Staatsrot d'Opfaassung, datt duerch d'Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung een dauerhaften a rechtleche Schutz garantéiert gëtt.
Nieft dem Staatsrot hunn och schonn eng Rëtsch zivilgesellschaftlech Organisatioune sech hanner de Gesetzesvirschlag gestallt.
Zweet Land an Europa
Wann d'Chamber an den nächste Méint eng Zweedrëttel-Majoritéit fënnt, kéint Lëtzebuerg dat zweet Land an Europa ginn - no Frankräich -, dat d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung ophëlt.
Den Deputéierte vun déi Lénk an Auteur vun der Gesetzespropos Marc Baum weist sech optimistesch, dëst ze erreechen.
"Ech denken, et si jo och scho Politiker vun der DP, Politiker vun der CSV, déi sech positiv, respektiv zumindest net ofleenend gewisen hunn. Ech mengen, datt et wichteg ass, datt elo jiddwereen - och d'Politikerinnen a Politiker aus der CSV an DP - sech Zäit loosse fir sech och elo an deenen nächste Wochen doriwwer wierklech Gedanken ze maachen, wëssend datt et wierklech eng iwwergrouss Majoritéit gëtt, och eng institutionell Majoritéit gëtt."
déi Lénk wëllen an den nächste Wochen de Dialog mat anere Parteien an zivilgesellschaftlechen Acteure weiderféiere fir an deem Dossier Ënnerstëtzung ze fannen. De Marc Baum vun déi Lénk hofft, datt dëse Sujet bis September an der Institutiounekommissioun thematiséiert gëtt.