arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP-Parteipresidentin: Meenung vum Gérard Schockmel net déi vun der Partei

Ofdreiwung

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

DP-Parteipresidentin: Meenung vum Gérard Schockmel net déi vun der Partei

Dem Gérard Schockmel seng Meenung wier net déi vun der Demokratescher Partei. Dat sot d‘DP Parteipresidentin Carole Hartmann am 100,7 Interview als Reaktioun op dem DP Deputéierte Gérard Schockmel säi Meenungsbäitrag am Wort.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Gerard Schockmel (lénks) a Carole Hartmann (riets) | © Radio 100,7
Gerard Schockmel (lénks) a Carole Hartmann (riets) (Foto: Radio 100,7)

Am Wort-Artikel huet hien net nëmme widderholl, wat scho gewosst war, nämlech datt hien dogéint ass, d’Recht oder d’Fräiheet fir ofzedreiwen an d’Verfassung ze schreiwen. Hien huet weider gemengt, datt d’Ofdreiwungsdebatt vun der, “récksiichtsloser Ideologie vum Feminismus” dominéiert géif ginn. Géint där hiert “Diktat” kéint kee sech et méi erlaben eppes ze soen, sot de Gerard Schockmel a sengem Meenungsbäitrag vun enger ganzer Säit am “Luxemburger Wort”.

Kritik och aus eegene Reien

Dat huet fir vill Kritik gesuergt, och vun der DP-Gläichstellungsministesch Yuriko Backes

D’DP-Parteipresidentin Carole Hartmann sot am 100,7 Interview, datt an de Parteigremie vun der DP an den nächste Wochen iwwer Meenungsverschiddenheeten zum Thema Avortement soll diskutéiert ginn.

“Et ass eng Meenung, déi net d'Meenung ass vun der Demokratescher Partei. A mir sinn do als Partei, dat soen ech awer ganz kloer, ganz geschlossen, wann ech un eis Diskussiounen elo denken, am Comité Directeur, wou et iwwert eise Positionnement gaangen ass, fir den Avortement an d'Verfassung ze huelen.

Obwuel scho vill erreecht gi wier a Saache Mënscherechter a Gläichberechtegung misst een ëmmer nees fir verschidde Rechter a Fräiheete kämpfen, fir datt een “net an déi Situatioun kënnt wéi aner Länner”.

“An dofir sinn ech ënnerlech ganz houfreg Parteipresidentin ze si vun enger Partei, déi nach wie vor eng progressistesch ass an déi nach wie vor och déi ass, déi net ee géint deen aneren ausspillt, mee déi d'Leit wëllt zesummebréngen an déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt.”

Den DP-Deputéierten Gerard Schockmel wëll fir den Ament näischt zu de rezenten Diskussiounen iwwert säi Gaaschtbäitrag am Wort an och net iwwer seng Zukunft an der DP soen. Dat huet hien op Nofro hi matgedeelt. 

play_arrow Lauschteren