D'Theema Avortement gouf dës politesch Rentrée zu engem Haaptsujet - an der Chamber, mee och an der Zivilgesellschaft. Et geet net nëmmen ëm juristesch Detailer, mee ëm d'Fro, ob d'Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung soll opgeholl ginn. D'Diskussioun ass komplex: Si beréiert Kierperautonomie, d'Rechter vun de Fraen, mee och déi moralesch Fro, wéini Liewen ufänkt an a wéi wäit de Staat sech an esou eng intim Entscheedung amësche soll.
Wéi gesäit déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg aus?
Zënter 2014 ass den Avortement zu Lëtzebuerg duerch e Gesetz gereegelt. Frae kënne bis zur 12. Schwangerschaftswoch eng Ofdreiwung maachen, duerno nëmmen a bestëmmte Fäll, wéi bei enger schwéierer Krankheet oder engem héije Risiko fir d'Mamm.
Méiglech sinn eng medikamentéis oder eng chirurgesch Ofdreiwung. D’Reform vun dësem Joer huet d’obligatoresch Bedenkzäit vu 3 Deeg ofgeschaaft. D’Käschte gi vun der Krankekeess iwwerholl, a besonnesch fir Mannerjäreger ginn et zousätzlech Sozialleeschtungen.
Dokteren dierfen eng Ofdreiwung aus perséinleche Grënn refuséieren. Offiziell Statistiken, wéi vill Avortementer am Land duerchgeféiert ginn, ginn et net.
Verglach mam Ausland
An Europa ginn et grouss Differenzen. Frankräich ass dat éischt Land weltwäit, dat den Avortement an d'Verfassung geschriwwen huet, als "liberté garantie". An Däitschland, der Belsch an Irland an an Italien ass Avortement bis déi 12. Woch zougelooss, awer mat enger obligatorescher Bedenkzäit. Holland huet eng vun de liberaalste Reegelungen: Hei ass eng Ofdreiwung bis zur 24. Woch méiglech. Polen dogéint gehéiert zu de restriktiivste Länner: Hei ass Avortement nëmmen erlaabt, wann d'Liewe vun der Fra a Gefor ass, oder d'Schwangerschaft duerch eng Strofdot entstanen ass.
Wéini fänkt Liewen un?
Déi Fro bleift eng vun de gréissten eetheschen a wëssenschaftleche Kontroversen. Engem Avis vun der Eethikkommissioun aus dem Joer 2023 no ginn et ënnerschiddlech Opfaassungen: Vum Embryo als "potenziell mënschlech Persoun" mat volle Rechter bis zur Iwwerzeegung, datt en net onbedéngt e spezielle moralesche Status verdéngt.
E klore wëssenschaftleche Konsens wéini genee Liewen ufänkt, gëtt et net. D'Kommissioun ënnersträicht awer, datt souwuel Schwangerschaft wéi och Avortement Gesondheetsrisike fir d'Fra mat sech bréngen - an datt d'Rechter vun de Fraen zu Lëtzebuerg net a Fro gestallt solle ginn.