Dat Gesetz bis elo gesäit ebe vir, datt Leit, déi een direkte familiäre Lien hunn, net dierfen an enger gemeinsamer Assemblée setzen. An der neier Konstitutioun wier awer vergiess ginn, déi Basis ze schafen.
Dorop wier ee vum Staatsrot opmierksam gemaach ginn, esou de Laurent Zeimet. Lëtzebuerg wier iwwerdeems bal dat eenzegt Land, wat esou e Gesetz hätt.
"Mir hunn och gefrot extra, wéi ass et dann a méi klenge Landesparlamenter, vergläichbar Gréisst vu Lëtzebuerg, Saarland an esou Saachen. Och do gëtt et dat net. Soudatt sech d'Meenungen e bësse geännert hunn. A mir haten dunn d'Fraktiounen an d'Sensibilitéiten invitéiert, eis da fir d'leschte Méindeg eng Réckmeldung ze ginn, wéi se sech elo géife positionéieren. An et war esou, datt d'CSV, d'DP, an ech mengen och déi Lénk éischter der Meenung wären, et soll u sech dobäi bleiwen. Dat heescht, et sollt een d'Constitutioun an deem Sënn erëm änneren."
Déi aner Parteie wieren anerer Meenung gewiescht, esou de Laurent Zeimet. Deemno géif ee keng Zwee Drëttel Majoritéit an der Chamber zesummekréien, déi et brauch fir eng Ännerung un der Verfassung duerchzebréngen.
Sonndesaarbecht: Méi kritesch Stëmmen an der CSV
Nodeems den CSV-Deputéierten Laurent Zeimet sech viru Kuerzem kritesch par Rapport zum Gesetzesprojet iwwer d'Sonndesaarbecht geäussert huet, schéngt hie mat der Positioun Réckendeckung an der CSV ze fannen.
Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet hat viru Kuerzem ëffentlech ugekënnegt, hie géif de Projet de Loi zu der Sonndesaarbecht, esou wéi e bis ewell virgeschloe gëtt, net matdroen. Kuerz drop war d'CSV-Fraktioun zesummen, an de Laurent Zeimet huet wuel Réckendeckung kritt.
"Dat ass jo net Usus, datt een aus eise Fraktiounssëtzunge Bericht mécht. Ech kann Iech soen, datt eenzel Kolleegen dat gutt fonnt hunn. Anerer hunn dat och kritiséiert, datt ech dat ëffentlech gesot hunn. (...) D'Wo huet sech schonn an eng Richtung, mengen ech, éischter ausgeschloen."
Op d'Fro, ob hie méi Reckendeckung, oder awer méi Kritik kritt huet, huet de Laurent Zeimet geäntfert: "Ech si jo nach hei."
De Laurent Zeimet betount iwwerdeems, datt et d'Aufgab vun der Chamber ass, e Gesetzesprojet ze iwwerschaffen. Esou en Text géif seelen esou aus der Chamber erauskommen, wéi en erakoum, esou den CSV-Deputéierten.