arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Milliounen Euro fir extrahospitaliär Spidolsantennen

Santé

|
headphones

2 min

Zwou Milliounen Euro fir extrahospitaliär Spidolsantennen

Ronn zwou Milliounen Euro sinn am Budget fir d’Joer 2026 vun der Santé fir zwou weider extrahospitaliär Spidolsantenne virgesinn. Dat sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez vun der CSV de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun.

headphones

2 min

© Adobe Stock / Olga Mishyna
(Foto: Adobe Stock / Olga Mishyna)

Et geet eemol ëm d’Antenn vun den Hôpitaux Robert Schuman op der Cloche d’Or, déi schonn a Betrib ass. An ëm eng nei Antenn vum CHL, déi zu Gréiwemaacher soll entstoe fir Mammografien, e Service ambulatoire fir Chimiotherapie an eng Policlinique non-chirgurical. Déi zwou Milliounen Euro sollen d’Fonctionnementsfraise fir béid Strukturen ofdecken. D’Lokalitéite gi vun den Haiser selwer, also vum CHL respektiv den Hôpitaux Robert Schuman, gelount an de Rescht gëtt vun der CNS iwwerholl.

De Budget fir d’Spidolsantenne wier iwwerdeems net limitéiert, esou d’Ministesch. Sollte weider Antennen entstoe kéint dëse Budget also erweidert ginn. De Fait, datt ëmmer méi privat Promoteuren hire Fouss an de Gesondheetssecteur setzen a Gebailechkeeten zur Verfügung stellen, mécht der Martine Deprez keng Suergen:

"Wann et am Interêt vum Patient ass, denken ech ass dat okay, mir hu jo elo decidéiert gehat, respektiv huet déi virescht Regierung schonn decidéiert d'Méiglechkeet vu Sites-Supplementairen ze kreéieren an do huelen se just d'Frais de Location en Charge, dat heescht déi Gebailechkeete mussen existéieren oder musse gebaut ginn, a fir Gebailechkeeten ze bauen, mengen ech, sinn elo net d'Dokteren déi, déi dat wäerte promouvéieren, well déi hu jo en anere Job. Dat heescht, iergendwou musse warscheinlech Leit sinn, déi da Gebailechkeeten zur Verfügung stellen an hei zu Lëtzebuerg gi Gebailechkeete vu Promoteure gebaut. An da gëtt herno e Contrat de bail gemaach a mir intervenéiere just, fir ze kucken ob dee Contrat de bail finanzéierbar ass."

An deene Fäll iwwerhëlt de Ministère dann 80 Prozent vun de Locatiounsfraisen, esou nach d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.