Fir méi Interventioune baussent Spideeler méiglech ze maachen, wieren déi néideg Amendementer zum Spidolsgesetz deposéiert ginn, huet si betount. D‘Gesondheetsministesch sot weider, eng Ouverture zu medezinesche Strukture baussent de Spideeler wier wichteg, mee d‘Konditiounen dofir missten nach definéiert ginn.
"Déi ofgeschlosse Meenung, déi mir dozou hunn, ass, datt mer eppes musse maachen, datt mer et musse méi no bei de Patient kréien, méi opmaachen, an datt et an enger sécherer Rumm muss sinn. An déi sécher Rumm, déi musse mer ofstiechen. Eventuell wäert awer zwëscht deene liberalen Antenne mussen e Lien bestoe mat engem Spidol. Dat ass net ausgeschloss. De Lien, deen elo am Gesetz drasteet, ass deen, datt dat eigentlech just op Initiativ vun engem Spidol ka geschéien. Dat wat mir gären hätten, ass datt, wa mer bis Societéit d' Gesetz hunn, datt d' Societéiten och kënnen Demande maachen, fir esou eng Antenn opzemaachen."
Natierlech missten dann do Konditiounen dragesat ginn, wat geschitt, wann en Noutfall ass oder wa Samsdes oder Sonndes kee sur Place ass. All déi Froen misst een da nach mat de Partner diskutéieren, esou nach d'Martine Deprez.