Haut um Méinden ass den Optakt vun der Anti-Tubak-Konferenz vun der Weltgesondheetsorganisatioun zu Genève. Vertrieder aus den 183 Memberstaaten treffen sech do, fir iwwer d'Entwécklung vum Konsum an d'Kontroll vun Tubak- an Nikotinproduiten ze beroden.
Am Virfeld vun der Konferenz huet d'WHO virdru gewarnt, Lobbyisten aus der Industrie Afloss huelen ze loossen.