arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Congé extraordinaire fir Bluttspenden am Privatsecteur

no LSAP-Fuerderung

|
headphones

1 min

Kee Congé extraordinaire fir Bluttspenden am Privatsecteur

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo hat gefuerdert, datt och de Privatsecteur Congé extraordinaire fir Blutt spenden ze goen, géif kréien. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet sech awer an der zoustänneger Chamberkommissioun kloer dogéint ausgeschwat.

headphones

1 min

Eng Fra bei enger Bluttspend | © EPA/Mario Guzman
Eng Fra bei enger Bluttspend (Foto: EPA/Mario Guzman)

Am Secteur publique gëtt et esou en extraordinäre Congé, och verschidde Privatentreprise hunn en. Do ass en iwwer Kollektivverträg gereegelt. De Mars Di Bartolomeo huet argumentéiert, datt een d‘Leit mat véier Stonne Congé incitéiere kéint fir Blutt ze spenden. D‘Bluttspende gëtt fir de Rescht net bezuelt. 

Ufank der Woch hat d‘Croix Rouge erëm en dringenden Appell fir Donneure gemaach. D‘Bluttreserve wieren den Ament zu Lëtzebuerg ganz niddereg.