Datt d’Konventioun gekënnegt gouf, gesäit ee bei den MSH och éischter negativ.
"Mir kritiséieren dat virun allem, well mir dee Solidarsystem vun der Konventioun als Verdeelungsgerechtegkeet absolutt ënnerstëtzen. An dat als Briecheisen elo ze benotzen, fir do weiderzekommen, jo, do sti mer net onbedéngt dohannert. Also ech mengen, dass déi Nomenclaturesdiskussiounen a mat der CNS ganz desagreabel sinn an dass déi och net viru ginn, dat ass e Fakt. An et ass och schwiereg e Spidol ze leeden, mengen ech, bei ëmmer méi komplizéiert medezinesch Saachen en Charge hëlt mat enger Tarifikatioun à l'acte do."
Eng ëmmer méi kommerziell Approche am Medezinssecteur géif och am Moment dozou bäidroen de Corps Médical ze splécken. Et wier besser als Corps Médical solidaresch zesummenzehalen, esou d’Monique Reiff.
"Esou komme mer effektiv net gutt weider, well mer sinn net zu esou vill, et wär besser, mir wäre solidaresch. Bon, vläicht gëtt et och elo esou gesinn, wéi wann ech dozou géif gehéieren, fir ze splécken, mee op déi do Aart a Weis, ass eise Metier, fannen ech, net richteg vertrueden."
Als Dokteren hätt een och een Deontologieskatalog. Et wier ee Beruff, deen eng Ethik an een Ethikkodex hätt. D'Gesondheet wier kee klassesche Wirtschaftszweig, esou d'Monique Reiff. Et kéint net sinn, datt d'Gesondheet kommerzialiséiert gëtt.