arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé: Konventioun tëschent CNS an AMMD géif 12 Méint a Kraaft bleiwen

Gesondheetspolitik

|
headphones

1 min

Santé: Konventioun tëschent CNS an AMMD géif 12 Méint a Kraaft bleiwen

Sollt d‘AMMD d‘Konventioun mat der CNS kënnegen, hätt dat wärend 12 Méint keng Auswierkung op déi Verséchert an op d‘Patienten. Dat schreift de Gesondheetsministère, no der Annonce vun der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun (AMMD), fir d‘Konventioun wëllen ze kënnegen.

headphones

1 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

Eréischt Enn 2024 wier et tëschent der AMMD an der CNS zu engem Accord komm. Dat Ofkommes géif och no enger Kënnegung 12 Méint a Kraaft bleiwen. Déi Zäit kéint dann och genotzt ginn, fir nei ze Verhandelen, heescht et am Schreiwes vum Gesondheetsministère.

Et hätt een iwwerdeems an de leschten zwee Joer zesumme mat der AMMD un enger Analys vum Gesondheetssystem geschafft. An den nächst Méint sollten doraus éischt konkret Moossname kommen.

De Patient a seng Bedierfnësser sollen dobäi ëmmer am Mëttelpunkt stoen.

Um Freidegmoien hat den 100,7 gemellt, datt d’AMMD den 8. Oktober eng ausseruerdentlech Generalversammlung aberuff huet. Dat fir iwwer eng Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS ofzestëmmen.