arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD: "Déi eng fanne sech an der Konventioun erëm, déi aner gi geschluecht"

Gesondheetssecteur

|
headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow

AMMD: "Déi eng fanne sech an der Konventioun erëm, déi aner gi geschluecht"

D‘Tariffer am Gesondheetssystem wieren net equitabel, seet den AMMD-Vizepresident Carlo Ahlborn am 100,7 Interview. D‘AMMD kritt jo d‘Mandat fir d‘Konventioun mat der CNS ze kënnegen. Et wier een un dee Punkt gedriwwe ginn, sou de Carlo Ahlborn.

headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Carlo Ahlborn | © Radio 100,7
Carlo Ahlborn (Foto: Radio 100,7)

Virop d‘Diskussioun ronderëm d‘Tariffer wier ëmmer méi eesäiteg ginn. D‘Fraise vun den Dokteren déi net am Spidolssecteur schaffen, géife guer net berécksiichtegt ginn. An de leschte Jore wier "de Geck gemaach ginn", wann d'AMMD op d'Situatioun higewisen huet, betount de Carlo Ahlborn. 

D'CNS hätt hir Aarbecht net gemaach.

"Eng Konventioun ass eppes wat tëschent zwou Partie gemaach gëtt, fir datt all Mënsch sech da rëmfënnt. Dat hei huet sech awer elo degradéiert an eng Richtung, wou eng Partie sech rëmfënnt an déi aner gi geschluecht."

Nach huet d'AMMD hir Konventioun mat der CNS net gekënnegt. Et wéilt een nach op ee Retour waarden. Ee wichtege Rendez-vous dierft d'Quadripartite haut, um Méindeg, sinn.

play_arrow Lauschteren