arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitioun fuerdert bessere Schutz op der Aarbecht fir Frae mat Endometrios

Debat public an der Chamber

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Petitioun fuerdert bessere Schutz op der Aarbecht fir Frae mat Endometrios

An der Chamber war et de Moien eng ëffentlech Debatt iwwer eng Petitioun zur Endometrios. D’Petitioun krut iwwer 4.800 Ënnerschrëften a fuerdert méi Flexibilitéit op der Aarbechtsplaz fir Fraen, déi vun der Krankheet betraff sinn. Zu Lëtzebuerg misst Endometrios als chronesch Krankheet unerkannt ginn, sou nach d’Fuerderung vun der Petitionärin.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Stand elo géif et kee klore legale Status ginn, fir Krankheete wéi Endometrios, sou d’Petitionärin Joyce dos Santos an hirer Ried. Hei am Land bräicht et een ambitiéist Gesetz, dat explizit ee Licenciement op Basis vun enger chronescher Krankheet verbitt an d’Dignitéit vun de kranke Persounen unerkennt. 

Diagnostest gëtt net rembourséiert

Ronn all zéngte Fra ass vun Endometrios betraff. Eng Krankheet bei där Geweebe, dat der Gebärmutterschläimhaut gläicht, baussent der Gebärmutter virkënnt, zum Beispill un den Eeërstäck oder och am Bauchraum. Dat léist staark Péng aus. D’Krankheet ass onheelbar, dacks gëtt si mat Hormonen oder duerch ee chirurgeschen Agrëff behandelt. E sougenannten Endo-Test, deen eng méi séier Diagnos erméiglecht, géif zwar existéieren, mee zu Lëtzebuerg net rembourséiert ginn, sou nach d’Kritik vun der Petitionärin.

"Pourquoi je vous parle de ce test aujourd’hui. Parce qu’il incarne tout ce qui manque dans notre pays: une réaction rapide, une Reconnaissance officielle, une stratégie de santé menstruelle à la hauteur des enjeux, mais sutrout, parce qui’il peut éviter des parcous de souffrance et prévenir l’invalidité."

Wat de Remboursement vun deem Endo-Test ugeet, géif et bei der CNS aktuell Iwwerleeunge ginn, huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez präziséiert. Nieft dem Organiséiere vun enger semaine de la santé au feminin, huet d’Gesondheetsministesch weider Schrëtt opgezielt, déi grad ënnerholl ginn. Deemno wieren a véier Spideeler Expertinnen an Experten designéiert, fir de Parcours vu Betraffenen opzezeechnen. Da wier ee conseil scientifique saiséiert ginn, fir Recommandatiounen auszeschaffen.

"Dat ass ee Gremium deen op der ganzer Welt kucke geet wat fir Expertisen et an deem Domaine gëtt, an da schreiwen déi Recommandatioune fir Lëtzebuerg."

Petitioun fuerdert neie Statutt fir concernéiert Fraen

An der Ried vun der Petitionärin goung och Rieds vu Fraen, déi wéinst Krankheetsausfäll hir Aarbechtsplaz verluer hunn. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet hei op de Schutz duerch de code de travail higewisen. 

"De code du travail gesäit vir, am Artikel 121 Strech 6, datt ee 26 Woche wann ee krank geschriwwen ass net ka licenciéiert ginn, och souguer wann et eng faute grave wier. Mee no deene 26 Wochen ass et dann awer méiglech, licenciéiert ze ginn."

De Statut vun engem travailleur handicapé géif de concernéierte Fraen net gerecht ginn an dofir wier et sënnvoll, een neie Statut ze schafen, huet et an de Conclusiounen nom Debat geheescht. Dat awer réischt, wann Endometrios bis als chronesch Krankheet unerkannt wier, hei wier d’Fuerschung nach net sou wäit, sou d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener.

An der Aarbechtskommissioun géif an den nächste Méint weider iwwer dee Sujet diskutéiert ginn.

 

play_arrow Lauschteren