arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Epstein-Affär: Et schockéiert, et degoutéiert, et mécht rosen

Fräie Mikro

|
headphones

5 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Epstein-Affär: Et schockéiert, et degoutéiert, et mécht rosen

D'Verëffentlechung vun den "Epstein-Files" bréngt bal all Dag nei Detailer iwwer dem Jeffrey Epstein säin Netzwierk, iwwer seng Verbindungen zur Politik a Geschäftsleit eraus. D'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender befaasst sech an hirem Fräie Mikro mat dësem Skandal.

headphones

5 min

headphones

3 min

play_arrow
D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7
D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. (Foto: radio 100,7)

Den Jeffrey Epstein war en amerikaneschen Investmentbanker a verurteele Sexualverbriecher. Hien huet en internationaalt Netzwierk vu Kanner- a Fraen-Handel fir räich a mächteg Männer bedriwwen. Männer wéi den Donald Trump, Prënz Andrew, Bill Clinton, Elon Musk, Bill Gates, Woody Allen, Stephen Hawking a Noam Chomsky sinn an d'Viséier geroden.

E Skandal, dee lues a lues säi Laf hëlt

1995 - also virun iwwer 30 Joer - gouf déi éischt Plainte géint den Epstein bei der Police a beim FBI gemaach, wéinst Vergewaltegung vun zwee 15-järege Meedercher. Et koum net emol zu enger Ermëttlung.

Zwee Joer drop eng weider Plainte, erëm ouni Konsequenzen. 2005 déi nächst Plainte - dës Kéier vun den Eltere vun engem 13-järege Meedchen.

Endlech gëtt et eng Ermëttlung.

Weider 50 Affer melle sech. 2008 gouf den Epstein déi éischt an eenzeg Kéier verurteelt: Wéinst Zwang zur Prostitutioun vun engem Kand zu 18 Méint oppene Vollzuch.

Just eng Persoun lant am Prisong

2009, no net emol 13 Méint, ass den Epstein erëm fräi. Am selwechte Joer gëtt hien erëm verklot: Vum Virginia Giuffre, déi wuel wichtegst Zeie vun der Affär.

2019 koum den Epstein endlech an Untersuchungshaft. E Mount méi spéit gouf vun offizieller Säit gesot, hien hätt sech a senger Zell ëmbruecht.

2021 gëtt seng Komplizin Ghislaine Maxwell zu 20 Joer Prisong verurteelt. Bis dato déi eenzeg Persoun, déi fir déi organiséiert sexuell Ausbeutung vu geschat iwwer 1.000 Kanner a Fraen a Verbindung mam Epstein vun engem Geriicht verurteelt gouf.

De couragéierte Frae sei Dank

An de Joren duerno kommen ëmmer méi Detailer a méi Verwécklungen a Skandaler an d'Ëffentlechkeet. E puer mächteg Männer hu Posten, Prestige oder Titele verluer. Méi awer och net.

Am August stierft d'Virginia Giuffre. Offiziell e Suizid. Hir Memoirë goufe lescht Joer posthum ënner dem Titel "Nobody's Girl" publizéiert.

Datt méi wéi 30 Joer no där éischter Plainte international iwwer dem Epstein säin Netzwierk vun organiséiertem Kanner- a Fraenhandel a Mëssbrauch geschwat gëtt, ass virun allem deene couragéierten Iwwerliewenden ze verdanken, déi zënter Joerzéngte géint e System ukämpfen, dee keng Gerechtegkeet virgesäit.

D'Ausmooss vun den Dote gëtt kloer

Alles un der Affär Epstein ass schrecklech. Et schockéiert, et degoutéiert, et mécht rosen. An awer ass näischt dovun nei. Näischt dovun ass rar.

De System, wéi déi Honnerte betraffe Meedercher a Fraen ausgewielt, ugelackelt a mëssbraucht goufen.

D'Aart a Weis, wéi se duerno um schwätze gehënnert goufen.

D'Ausmooss vun den Doten: Wéi vill Affer et ginn. A wéi vill Täter et ginn.

Den Ëmgang mat de Betraffenen, déi sech getraut hunn ze kloen, auszesoen, bei d'Press ze goen.

Si erhale Morddrohungen. Et gëtt hinne virgeheit ze léien, just op Geld a Ruhm aus ze sinn. Et gëtt hinnen net nogelauschtert a net gegleeft. Iwwerall liest ee vun de ville Schwärzungen an den Epstein Files. Gläichzäiteg sinn awer Nimm, intim Fotoen, Adressen an Telefonsnummere vun Affer net geschwäerzt ginn, mee einfach public.

Hoffen op d'Aarbecht vun Affekoten a Journalisten

Ech muss net déi Epstein Files duerchsiche fir Beweiser ze fannen. Ech kann einfach Interviewe mat Iwwerliewende lauschteren oder der Virginia Giuffre hiert Buch liesen.

Ech brauch keng Geschichte vu politeschem Komplott, Kannibalismus oder antisemittesch Verschwörungstheorien. Sexuell Gewalt - an all hire Formen - geet duer als Grond fir Mënsche fir hiert Handelen ze verurteelen an ze bestrofen - egal wéi mächteg a räich se sinn.

Sexuell Gewalt geet virun, well d'Täter geschützt, entschëllegt an hir Doten normaliséiert ginn. Well den Affer net nogelauschtert a gegleeft gëtt, hir Erfarung banaliséiert gëtt.

Trotzdeem hoffen ech, datt déi vill Affekotinnen an Affekoten, Journalistinnen a Journalisten, an Aktivistinnen an Aktivisten, déi elo ënner Héichdrock um Dossier schaffen, zu Geriichtsprozesser a Verurteelunge kënne bäidroen, fir datt der Impunitéit endlech Grenze gesat ginn.

EU: All 5. Kand ass betraff

D'Epstein Affär huet enorm Ausmoossen ugeholl. Dovun dierf ee sech awer net oflenke loossen. Sexuell Gewalt u Kanner a Frae geet net just vun enger räicher, mächteger Elitt aus. Och wann hir Verantwortung a Schold besonnesch grouss a gravéierend sinn, opgrond vun hirem politeschen a wirtschaftlechen Afloss an hirer Virbildfunktioun.

Et gëtt geschat, datt all 5. Kand an der EU sexuell Gewalt erlieft, zwee Drëttel bis dräi Véirel Meedercher. An iwwer 80 Prozent vun de Fäll sinn d'Täter aus dem noen Ëmfeld. Iwwer 90 Prozent vun hinne si Männer.

Sexuell Gewalt an Ausbeutung u Kanner a Fraen ass eng alldeeglech Realitéit. D'Mechanismen hanner sexueller Gewalt sinn ëmmer déi selwecht. All Fall ass ze vill a kee Fall ass banal.

Och Dir kennt Affer

E System, den op patriarchalem a misogynnem Denke baséiert, an deem Fraen a Kanner objektifizéiert ginn, bei deem Geld a Muecht iwwer Mënscherechter stinn, erméiglecht net nëmme sexuell Gewalt, Ausbeutung a Mord: E veruecht och d'Affer, dréit Schold vun Täter op Affer ëm, erméiglecht d'Impunitéit vun den Täter a verharmloost oder negéiert d'Verantwortung vun de Matleefer an den Zeien - an déi ganz Welt kuckt no.

Mir loossen eis leede vu Sensatiounsgäilheet a Voyeurismus. Dobäi wieren et Empathie mat den Affer, Veruechtung fir d'Dote vun den Täter a Roserei op de System, déi mir bräichten, fir endlech eppes un de Verhältnisser ze änneren. Well déi si strukturell a schueden eis all.

Wat ass är Haltung vis-à-vis vun den Täter, déi Dir kennt? A wat ass är Haltung vis-à-vis vun den Affer? Well Dir kennt der ganz sécher – och am perséinlechen Ëmfeld.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

 

play_arrow Lauschteren