arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fric fir de Feminismus

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Fric fir de Feminismus

"Ech si Feminist" hu vill Politiker:innen a Leit aus der Zivilgesellschaft deklaréiert. Eng Reaktioun op en antifeministesche Meenungsbäitrag virun enger décker Woch am Wort. D’Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender freet sech an hirem Fräie Mikro iwwer déi vill Bekenntnisser zum Feminismus.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ech hu mech richteg gefreet - an dat soen ech ganz onironesch - wéi grouss d‘Empörung iwwer déi antifeministesch Aussoe vun engem DP-Deputéierte waren.

Wärend a méi konservativ-feministesche Kreesser tatsächlech och 2025 nach doriwwer diskutéiert gëtt, ob een iwwerhaapt soll vu Feminismus schwätzen, an ob dat net ze vill ofschreckend ass, hunn hei op emol vun alle Borden - Männer wéi Fraen - sech zum Feminismus bekannt.

Ëffentlech Bekennunge ginn net duer

An d’Indignatioun bei ville Politiker:innen war a mengen A spontan an éierlech, an net gespillt, well si - wéi och vill Leit aus der Zivilgesellschaft - eben dach spieren, datt eppes richteg schif ass, wa bestëmmten Termen an eng gewëss Argumentatioun genotzt ginn.

Et sinn eben dach vill Leit, déi sech eigentlech eng gläichberechtegt, fräi a sozial Gesellschaft wënschen, an déi ganz wuel erkennen, datt antifeministesch Beweegunge geféierlech sinn. Net just fir d’Fraerechter, mee fir eis Demokratie a fir all Mënscherechter.

Esou vill ech mech iwwer déi kloer Wierder, Statements a solidaresch Aktioune gefreet hunn, esou gespaant sinn ech elo, ob dat alles just e Stuerm am Waasserglas war, oder ob e puer Leit op deene richtege Plazen elo aktiv ginn a konkret Konsequenzen zéien.

Ëffentlech Bekennunge si wichteg a richteg. Awer et geet net duer. Dat wësse mir all.

Grouss Ënnerscheeder am Budget

E Bléck op de Staatsbudget kann erniichteren: De Gläichstellungsministère läit - wéi ëmmer - op leschter Plaz, mat "ganzen" 0,11 Prozent vum Gesamtbudget. Zum Verglach: De Sportsministère läit op zweetleschter Plaz mat 0,29 Prozent. Ëmmerhi méi wéi dat duebelt.

Datt de MEGA mat deene Moyenen net genderbaséiert Gewalt ofschafen an Antifeminismus wierksam bekämpfe kann, schéngt op der Hand ze leien. All Joers komme meng Kolleeginnen a Kolleege vun anere Veräiner, wéi och ech bei de Ministère heeschen, fir méi Sue fir Personal, fir méi Sensibiliséierung, méi Berodung, méi Verännerung kënnen ze bewierke fir eng gläichberechtegt Gesellschaft.

A wéilt Dir gär ofweien, wat elo méi wichteg ass: Méi Plazen an de Fraenhaiser oder méi Präventioun fir keng Fraenhaiser méi ze brauchen? Ech verstinn den Dilemma.

Beispill Groussbritannien?

E weidere Bléck op de Staatsbudget weist, datt ganzer 15,70 Prozent vum Staatsbudget an d’Educatioun fléissen. An dat ass gutt esou. Bildung ass zentral fir eng funktionéierend a solidaresch Gesellschaft.

Eigentlech géif et op der Hand leien, datt de Bildungsministère dem MEGA en Deel vun der Aarbecht géif ofhuelen. A Groussbritannie gëtt et zum Beispill zënter dësem Schouljoer e Flichtcours fir géint déi wäit verbreet fraefeindlech Astellunge virzegoen.

Virgule huet am August eise Bildungsministère gefrot, ob dat net och eng gutt Saach fir Lëtzebuerg wier. D’Äntwert war erstaunlech: Nee, hei zu Lëtzebuerg géif e keng sou Tendenze beobachten.

Pedagogescht Personal muss weidergebilt ginn

Déi gefillt Realitéit ass eng aner, mee Zuelen, op déi ee sech verloosse kann, géifen natierlech net schueden. Och dat ass eppes, wat de Bildungsministère finanzéiere kéint: Eng Rubrik iwwer mënschefeindlech Astellunge bei Kanner a Jugendlecher am nächste Jugendbericht.

Mee vläit kënne mir eis och ouni Beweiszuelen drop eenegen, datt et gutt wier, wa Präventioun vu Sexismus, vun genderbaséierter Gewalt a vu Misogynie e festen an obligatoresche Bestanddeel vun der Aus- a Weiderbildung vu pedagogeschem Personal géif ginn.

Wann et schonn net méiglech ass, datt e Gläichstellungsministère e Budget kritt, dee sengen Aufgabe gewuess ass, da wier et awer dat Mannst, datt déi grouss Ministèrë bei dëse wichtegen Aufgabe mathëllefen. Net als lästeg Niewesaach, mee aus vollster Iwwerzeegung.

play_arrow Lauschteren