D’Affär ronderëm den Jeffrey Epstein an den USA huet e System gewisen, wou Meedercher a Frae systematesch ausgenotzt, zum Deel vergewaltegt, gefoltert an ëmbruecht goufen, mat Hëllef vu Räichtum a Kontakter.
Am Fall Pélicot a Frankräich gouf eng Fra vun hirem Mann jorelaang betäubt a vun him a 70 anere Männer méi wéi 200 Mol vergewaltegt an dobäi gefilmt.
An Däitschland schloen d'Virwërf vun der Collien Fernandes géint hiren Ex-Mann héich Wellen: de Christian Ulmen hätt Deep Fake Pornoe vun hir erstallt an dës u Männer aus hirem professionellen Ëmfeld weidergeleet n sech dobäi als seng Ex-Fra ausginn.
Deel vun de mënschlechen Ofgrënn
E rezente Reportage vun CNN huet en Telegram Chat Grupp mat iwwer 1.000 Memberen opgedeckt, an deem Männer sech Tipps ginn, wéi si hir Frae betäuben an da filmen, wéi si se vergewaltegen, fir dës Videoen dann als sougenannt Schlof-Pornoen ze deelen an zum Deel och Geld domat ze maachen.
Sech iwwerleeë fille wëllen, iwwer aner Mënschen a Kierpere bestëmme wëllen, sadistesch Muechtfantasien ausliewen: Dat schéngt zu duerchaus verbreete mënschlechen Ofgrënn ze gehéieren.
Firwat Männer?
Wisou sinn et statistesch gesi besonnesch Männer, déi sech deenen Ofgrënn alldeeglech hi ginn?
Hu si einfach méi Geleeënheet dozou wéi Fraen? Huet et mat enger männlecher Sozialisatioun, struktureller Misogynie a Genderstereotypen ze dinn, déi Männer, déi esou Dote beginn oder dobäi nokucken, sech dëst Handelen erlaben an a ville Fäll ni bereet sinn hiert Feelverhalen unzeerkennen an dofir Verantwortung ze iwwerhuelen?
A virun allem: Wat hëlleft dogéint?
Oppassen, wéi eng Mesuren ee fuerdert
Wat sécher net hëlleft ass, sech traditionell Rollebiller zeréck ze wënschen, sexuell Bildung ze verbidden an d‘LGBTIQ-Community oder Migranten a Muslimen, oder Flüchtlingen als Sënnebock ze benotzen.
Och wa verschiddene Leit, déi op Social-Media-Kommentaren ënner de Berichter zu de beschriwwenen Strofdote verfaassen, dës Mesurë géife praktesch fannen, wäerte se net zu manner Haass, Gewalt a Kriminalitéit féieren. Se bewierke grad de Contraire a sinn dacks e gezielten Ugrëff op eis demokratesch Strukturen an Institutiounen.
Keng politesch Spillerei
Wat eventuell kéint hëllefe wier e Gesellschaftssystem, deen opbaut op Wäerter wéi Gläichheet, sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit.
E Bildungssystem, an deem Verstoen a Respektéiere vu Konsens grad esou zentral si wéi d‘Dekonstruktioun vun Genderstereotypen an d’Ophiewe vu sexisteschen a rassisteschen Astellungen a Virurteeler.
An eng Gesellschaft, déi versteet an unerkennt, datt Gläichstellungssujeten a Feminismus keng politesch Spillerei oder Niewesaach sinn, mee zentral fir eng oppen, fräi a friddlech Gesellschaft.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.