All Joer verloosse ronn 600 Jonker mat 16, 17 Joer d’Schoul ouni Ofschloss. Si hu kee Bock op Léieren a wëlle just fort aus dem enke Kader am Klassesall.
Coolness, Aggressiounen oder Agonie
All Lycée huet esou Kanner. Déi meescht vun hinne si männlech, fille sech wäertlos am Preparatoire, sinn e puermol duerchgefall oder fanne kee Patron. Fir e Schoulofbroch gëtt et vill verschidde Grënn, mee déi meescht Jonker hunn eppes gemeinsam: e grousse Bagage.
Dacks komme si aus bildungsferne Famillen, hu sozial a finanziell Suergen a Stress mat den Elteren. Si passen op kleng Geschwëster op, si krank, liewe mat engem Trauma oder engem Handicap. A si vertraue kengem méi.
Hir Problemer geréieren si ganz eleng, mat Coolness, Aggressiounen oder Agonie.
Wéineg erfollegräich Mesuren
D‘Schoul ass fir déi meescht just nach zousätzleche Stress. D‘Proffen an de SEPAS, déi hëllefe wëllen, huele si wéi Emerdeuren. Si hunnnull Bock a wëllen nix wéi raus. Bis elo hu si d’Sortie aus dem Lycée mat 16 gefeiert, an d’Schoul huet hinnen och net nogetrauert.
Mee duerno ass de Misär eréischt ugaangen. Den Dramjob als Influencer huet sech net erginn an doheem war och keng Dolce vita.
All fënneften Ofbriecher koum dowéinst zeréck an d‘Schoul. Déi aner sinn ofgestierzt. E Schoulofbroch ass bei Wäitem de gréisste Risikofacteur fir e Liewe laang aarm an aarbechtslos ze sinn.
Lëtzebuerg versicht zënter Joren dëst ze verhënneren. Déi Jonk kréien, no hirer Sortie aus dem Lycée, Post vum SNJ. De Service national de la jeunesse bitt hinne Workshoppen, Stagen, Coaching, Fräiwëllegendéngscht un.
Mat wéineg Erfolleg. Déi mannst wëlle sech jo hëllefe loossen a verschwanne vum Schoulradar.
CISPen
Virun dräi Joer gouf dowéinst en neit Gesetz gestëmmt: Vum 15. September u musse si all bis 18 Joer an d’Schoul goen. Just Jonker, déi e festen Job fannen, däerfen ophalen.
All déi aner hunn elo zwee weider Joren e feste Kader, Zäit fir responsabel ze ginn, sech ze organiséieren a vun der Schoul Hëllef ze kréie fir e Beruff ze fannen. De Ministère huet dofir – geschat - iwwer 25 Milliounen Euro virgesinn an eng ganz Rei vu Moossnamen op de Wee bruecht, zum Beispill sougenannte CISPen, extra Ausbildungszentere mat extra Personal.
Bis elo ginn et véier CISPe fir dat ganzt Land, dat sinn der nach laang net genuch.
Schlecht fir d'Klasseklima
E puer Honnert Jonker wäerten dowéinst am September erëm an hirer aler Schoul hänken. D‘Lycéeë rechne mat 10 bis 50 Kandidaten, fir déi si elo extra Klasse mat extra Léierpläng mussen organiséieren.
An d‘Direktere sichen déi Deeg dréngend no extra Säll an no Enseignanten, déi bereet sinn, eng ganz Klass am Null bock Modus ze betreien.
Mee och déi Jonk sichen no Léisungen. Si wëllen net an extra Klasse gesat ginn a maache lo alles, fir duerchzefalen an déi normal Klass ze widderhuelen. Eng faul Strategie, hire Motivatiounsmangel fierft op déi aner of a schued dem Klasseklima. An op de 5èmen dreet e Superstau.
De Ministère versprécht Hëllef, mee huet en eng Léisung parat?
Déi Responsabel um Terrain versiche grad de Problem individuell ze léisen. Hir Hoffnung, datt déi Problemkanner mat zwee extra Jore gerett ginn, ass zwar geréng. An awer si sech all eens, datt et e Versuch wäert ass. Alles besser wéi 600 Jonker als Loser op der Strooss.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.