Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

Fräie Mikro

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

Et gëtt allgemeng gesot, datt d'Schoul op d'Liewe virbereete soll. An der Lescht gouf vill an der Ëffentlechkeet driwwer diskutéiert, ob Opklärung iwwer d’Diversitéit vu sexuellen Orientéierungen a Geschlechtsidentitéiten hir Plaz an der Schoul hätt. Dozou e puer Gedanke vum Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Natierlech gehéiert Opklärung an d’Schoul. Opklärung gehéiert zur Schoul, wéi den Amen an d’Kierch. A fräiheetlechen Demokratien huet d’Schoul zanter jeehier de gesellschaftlechen Optrag, fir de Jonken ze hëllefen, sech ze emanzipéieren. Dat heescht, fir hire Geescht sou ze formen, datt si sech befreie kënne vun Allem, wat hiert Denken onnéideg aschränkt a begrenzt.

“Making the familiar strange”

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen, fir net bei deem stoen ze bleiwen, wat si souwisou vu sech aus denken, fillen a maache géifen.

Dat geet iwwer déi reng Wëssensvermëttlung raus. Dat bedeit och, datt si léieren, hir Intuitiounen a Fro ze stellen, hirem Bauchgefill net blann ze trauen. Fir Autoritéiten ze hannerfroen. Fir dominant an dominéierend Normen ze dekonstruéieren a fir hannert dat “Normaalt” ze kucken.

“Making the familiar strange” soen se dofir an der Anthropologie. Dobäi gëtt probéiert, alldeeglech an allzegutt bekannt Phänomener aus enger néier Perspektiv ze betruechten, fir domadder déi zu Gronn léiend Strukturen, Viraussetzungen a Muechtverhältnisser siichtbar ze maachen.

Dat kann eis hëllefen, onbewosst Virurteeler a kulturell Normen ze hannerfroen, an eis vun hinnen ze léisen. Bildung ass genau dat: Saache kritesch hannerfroen, nodenken, Normen dekonstruéieren, offe si fir Neies, flexibel sinn am Denken, d’Saachen aus méi wéi enger Perspektiv kucken.

Verantwortung fir eis eege Choixen huelen

Dat ass net ëmmer einfach an deet och mol wéi, well et heescht, datt mir léif gewonne Sécherheeten iwwer Bord geheie musse, fir Plaz ze maache fir néi Iddien, néi Gefiller a néi Verhalensweisen. Heiansdo bedeit Opklären och fir op komesch Methoden zeréckzegräifen, déi stutzeg maachen, déi stéieren, déi zum Nodenke bréngen. Making the familiar strange, eben.

Opklärung befreit eis vun eiser Onmëndechkeet, wa mir eis bewosst ginn, datt mir selwer denke mussen an eis net einfach a blann drop verloosse kënnen, datt anerer eis soen, wat mir denke, fillen a maache sollen, respektiv datt mir eis net einfach op eise “gesonde Mënscheverstand” verloosse kënnen. Opklärung ass net ëmmer einfach, well si huet inherent ëmmer eppes Subversives u sech, wëll se eis zwéngt hannert d’Kulissen ze blécken an eis dozou verdonnert Verantwortung fir eis eege Choixen ze huelen.

Deemno huet och Opklärung iwwer d’Diversitéit vun de sexuellen Orientéierungen a Geschlechtsidentitéiten duerchaus hir Plaz an der Schoul. Wou soss, wann net an der Schoul, sollte Kanner a Jugendlecher gemeinsam léieren, déi etabléiert Normen ze hannerfroen, fir een nuancéiert Verständnis fir d'Saach ze entwéckelen?

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.