Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Aarmut a Populismus

Fräie Mikro

Vun Aarmut a Populismus

Aarm sinn am räiche Lëtzebuerg – Fir vill Leit ass dat Realitéit. Dem STATEC no läit den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei 18,8 Prozent. Dat mécht an absolutten Zuele méi ewéi 126.000 Mënschen aus, déi an engem vun de räichste Länner vun der Welt vun Aarmut berot sinn. 24% vun den Awunner ënner 18 Joer, also bal all 4. Kand, ass dësem Risiko ausgeliwwert. Mee d'Nationalitéite si laang net all d'selwecht staark betraff. Dozou de Fräie Mikro vu der Biergerrechtlerin Laura Zuccoli 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Den Aarmutsrisiko ass fir d'Auslänner duebel esou héich ewéi fir d'Lëtzebuerger. D'Portugisen a Portugisinnen hunn dräimol méi Chance, oder besser gesot Pech, fir an d'Aarmut ofzerëtschen ewéi d'Lëtzebuerger:innen. Bal een Drëttel vun der portugisescher Bevëlkerung huet net dat néidegt Akommes fir an Dignitéit bei eis ze liewen, seet de Statec. Méi ewéi d'Hallschent vun alle Mënschen, déi vun Aarmut betraff sinn, schaffen a 4 Secteuren: um Bau, am Horeca, am Gesondheetsberäich oder am Handel.

Stonneléin vu lëtzebuergescher Bevëlkerung vill méi héich

Schonns d‘ Etude vum CEFIS iwwert d’Kapverdianesch Diaspora zu Lëtzebuerg huet 2017 gewisen, datt d‘kapverdianesch Bevëlkerung, d'selwecht ewéi déi Portugisesch, haaptsächlech op schlecht bezuelten an niddereg qualifizéierte Plaze schaffen.

An dëser Etude louch d’Moyenne vum Stonneloun vun de Kapverdianer:innen zu Lëtzebuerg bei 13,07 Euro, vun der portugisescher bei 15,27 Euro a vun de Lëtzebuerger:inne bei däitlech méi héijen 28,81 Euro.

Auslännesch Famillje schaffen oft zu 2 a fir manner Loun, si hu méi Familljememberen an hirt Akommes geet oft net duer fir en zefriddestellende Liewensstandard ze garantéieren. Am Botzsecteur beispillsweis, an dem 95 Prozent Auslänner:inne schaffen, bleift d'Pai iwwer Jore beim onqualifizéierte Mindestloun. Dat betrëfft haaptsächlech Fraen, déi oft nëmmen Deel- oder Kuerzzäitkontrakter oder prekär Aarbechtsverhältnisser hunn.

Diskussioun ëm d‘Aarmut gëtt net sachlech gefouert

Obwuel all dës Secteure fir de Fonctionnement vun eiser Ekonomie vital sinn, gëtt d’Fro vun enger gerechter Remuneratioun vun de wéineg qualifizéierte, manuelle Beruffer a vun hirem Stellewäert an eiser Gesellschaft verdrängt. D'Diskussioun ronderëm d’Aarmut gëtt net sachlech gefouert, mee emotional verfälscht an ënnergruewen. Mir hiewen - sécher berechtegterweis d’Aarmut vun de Kanner an de Mëttelpunkt, mee vergiessen dobäi, datt d’Aarmut eng Konsequenz vun ze nidderege Léin ass.

Mir thematiséiere léiwer den oft komplizéierten Accès zu de Sozialhëllefe vum Staat, amplaz d'Tatsaach, dass dës Hëllefen am Fong nëmme gebraucht ginn, well d'Paien an de manuellen a wéineg qualifizéierte Beruffer ze niddereg sinn.

Populismus diskutéiert net ëm gerecht Verdeelung vu Räichtum

Aarmut ass keng Fro vun humanitärer Astellung et ass eng Fro vu gerechter Verdeelung. D'Klufft tëscht Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss, mee Schold dorun ass net de System, mee d‘Migratioun an d‘Flüchtlingen - soen d'Populisten an eisen Nopeschlänner an och bei eis. D’Opkomme vum Rietsextremismus an Europa huet mam Zouhuele vun den Ängschte vun de Mënschen ze dinn, Mënschen, déi ëm hir Zukunft an ëm déi vun hire Kanner fäerten.

Populisten diskutéieren net iwwer gerecht Verdeelung vum Räichtum. Si schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien. 

Ugemoosse Bezuelung dat einfachst Mëttel géint Aarmut

Reell Liewensbedingungen a Schwieregkeete vun der Aarbechts-Migratioun ginn esou invisibel gemaach.

Eng gerecht an ugemoosse Bezuelung vun der Aarbecht ass dat einfachst a sécherst Mëttel géingt d'Aarmut a géingt rietsradikal Tendenzen an der Gesellschaft. Do muss eng Regierung, déi sech d'Bekämpfung vun der Aarmut op de Fändel geschriwwen huet, den Hiewel usetzen.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.