Radioen

On air

Arty Party  |  Enslaved - As Fire Swept Clean The Earth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

Fräie Mikro

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

Tëscht dem 6. an 9. Juni wiele ronn 370 Milliounen EU-Bierger aus de 27 EU-Länner en neit Europaparlament. Migratioun an Asyl ginn an de Programmer vu ville Parteien thematiséiert, mat Behaaptungen ewéi Baussegrenze misste verstäerkt ginn, Europa géif vu Flüchtlingen iwwerschwemmt ginn oder eis Zivilisatioun stéing virum Ënnergang. Tatsaach oder Fake?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Archiv

Den 1 Januar 2023 hu ronn 447 Millioune Mënschen an der Europäescher Unioun gelieft, dorënner 5,3 Prozent Bierger aus Drëttlänner. Esou vill zu der ominéiser Iwwerschwemmung, dem Ënnergang vun eiser Zivilisatioun, déi sech domadder kloer als Fake erweist.

D'Gefor vu simplistesche Behaaptungen

Och wa vill an de Medie vun illegaler Immigratioun geschwat gëtt, beleeën déi offiziell Zuele vun Eurostat, datt dës 2022 just 9,4 Prozent vun der Gesamtmigratioun an d’EU ausgemaach huet.

D'Flüchtlinge maachen an der EU grad emol 1,5 Prozent vun der Gesamtawunnerzuel aus. Eleng an der Tierkei sinn et der 4,5 Prozent. Sti mir also virun der Faillite vun der Politik vun den oppene Grenzen, esou wéi dat a villen europäesche Parteiprogrammer steet?

Mat simplistesche, falschen a realitéitsfrieme Behaaptunge solle Wieler och zu Lëtzebuerg fir d’Europawalen Angscht kréien an an de rietsen Eck gelackelt ginn.

Ass e gläichwäertegt Zesummeliewe garantéiert?

D'Fro vum Walrecht nom Prinzip vun der Residenz ass dogéint komplett aus dem politeschen Discours verschwonnen. D'Recht, u Walen deelzehuelen, ass e Grondprinzip vun all demokrateschem Staat.

Mam Vertrag vu Maastricht gouf 1992 d'europäesch Staatsbiergerschaft agefouert. Haut hu 14 Milliounen EU-Bierger, déi net an hirem Heemechtsland liewen, d'Recht, an deem Memberstaat wou se wunnen, un de Gemengen- an Europawalen deelzehuelen. Wie keng Nationalitéit vun engem EU-Land huet, bleift bei den Europawalen ausgeschloss, egal wéi laang e schonn an der EU wunnt a Steiere bezilt. An dëst, obwuel gewosst ass, datt politesch Participatioun a sozial a politesch Gläichstellung d’Integratioun wesentlech fërderen.

D’EU bretzt sech dacks mat hire Mënscherechtsprinzipien, mee ignoréiert esou dëse Bierger hiert Recht op Matsprooch. Amplaz iwwert e gerecht a gläichwäertegt Zesummeliewe vun alle Bierger an der Union ze schwätzen, polariséiert d'Politik ronderëm Froe vu séchere Baussegrenzen, irregulärer Immigratioun an onberechtegten Asyldemanden.

Géint Falschinformatioune virgoen

Am Dezember 2023 huet d'EU-Kommissioun den Aktiounsplang fir méi widderstandsfäeg Demokratien an der EU virgestallt. De Kampf géint ëmmer mei staark Extremismen a géint d'Verbreedung vu Falschinformatioune ginn doranner als grouss Gefor erkannt.

Eng hallefhäerzeg Empfeelung fir fräi a fair Walen ze organiséieren an d'Participatioun vun de Bierger an der Zivilgesellschaft an an der Politik ze fërdere.

Recommandatiounen heizou ginn net duer. Der Verbreedung vu Falschinformatioune musse mir mat staarken Instrumenter entgéint wierken.

Am Mäerz 2023 sinn d'EU-Bierger befrot ginn, wéi si den Zoustand vun der Demokratie an hirem Land géife beurteelen. Ganzer 51 Prozent hu mat "net ganz zefridden" (31%) oder mat "guer net zefridden" (20%) geäntwert.

Beonrouegend Zuelen. Wou steieren eis Demokratien hin?

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU, mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.