Radioen

On air

9 bis 1  |  Busty And The Bass - Out Of Love Feat. Macy Gray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Angscht virun der Zukunft

Fräie Mikro

Angscht virun der Zukunft

Kaum ass dat neit Joer ugaangen, gi schonn allerhand Prognose gemaach, wat alles wäert 2025 weltwäit passéieren. Déi meescht Zenarien iwwertreffe sech am Pessimismus a bekräftegen d’Meenung vun all deenen, déi eng schwaarz Zukunft molen. Déi déi gär mat der Angscht vun de Leit spillen, kënne sech deemno d’Hänn mat Freed reiwen, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

D’Nora, e jonkt däitscht Meedchen, huet am November am Zeitmagazin en Artikel geschriwwen, mam Titel: „Ich bin 16 – und sehne mich in die Achtziger zurück.“ Mat Nostalgie kuckt et op d‘1980er Joren, déi seng Elteregeneratioun erlieft hunn. Dat jonkt Nora dreemt vun enger Zäit, déi hatt zwar net selwer materlieft huet, déi awer bildlech idealiséiert gëtt. Et vergläicht eng Zäit, déi duerch Musek, Filmer a Serien am Internet glamouréis duergestallt gëtt.

Mat sengem haitege Liewensmodus, deen duerch permanente Stress an déi stänneg Vergläicher an de soziale Medie gepräägt ass. Hatt observéiert, datt vill Jonker am Alter tëschent 13 a 19 Joer stänneg Angscht hunn, Saachen ze verpassen, well si all Dag Biller a Videoe vu Leit gesinn, déi op Partyen zu Berlin, a Spuenien oder Italien feieren a sech dobäi gutt amuséieren.

Kapital aus der Onsécherheet geschloen

Duerch déi Flut vu Biller huet d’Nora den Androck, datt hatt de Moment, dat wat elo geschitt, net méi genéisse kann. Wéi vill aner Jonker kritt et Angscht, al ze ginn, d’Angscht, datt et enges Daags waakreg gëtt, an denkt, datt et seng Jugend verschwent huet. Duerch déi sozial Medien entsteet e stännegen Drock op eisen Alldag, deen d’Jugend dozou bréngt, méi séier erwuessen ze ginn.

D’sozial Medie schloe Kapital aus der Onsécherheet vun de jonke Leit a verstäerke si. Videoe wéi Summerinthe80s op TikTok ginn den Androck, datt et fréier besser war. Amplaz Loscht op Zukunft ze maachen, verherrlechen si d’Ästhetik vun der Vergaangenheet.

Technologesch Fortschrëtter hu Spueren hannerlooss

Dem Nora seng Geschicht ass keen Eenzelfall. D’Coronazäit huet de Malaise vu ville Jonke bloussgestallt. D’sozial Netzwierker an dat stännegt Onlinesurfen hunn déi real mënschlech Kontakter net ersat. Déi technologesch Fortschrëtter, déi eist Liewen a ville Fäll méi einfach maachen, hu bei muncher engem Spueren hannerlooss. Depressiounen a psychesch Stéierungen triede méi heefeg zum Virschäin, net nëmme bei Jonken. D‘Verhale gëtt méi aggressiv, den Toun gëtt ëmmer méi rau, d’mënschlech Bezéiunge ginn op e Minimum reduzéiert.

D’Sondagë spigelen dat Ongemitt erëm. D’Bierger ginn ëmmer méi onzefridden, sief et mat der Politik, mat der Aarbecht, mat der Gesellschaft. Eng net negligabel Zuel erliewe lauter Réckschléi a glëtschen esou d‘sozial Leeder erof. Anerer kréien Angscht, datt si enges Daags net méi mat där Liewenssécherheet kënne rechnen, déi si bis elo genoss hunn.

D'Angscht viru sech selwer

Esou eng Stëmmung ass „gefundenes Fressen“ fir all déi, déi d’Apokalyps eropbeschwieren. Déi alldeeglech Biller vu Krich, Gewalt an aner Bedrohungen, grad esou wéi déi ëmmer méi heefeg Verschwörungstheorië ginn den Androck, datt d’Welt net méi richteg dréint. De Ruff no der staarker Hand hëlt zou, Populismus an Extremismus gewanne riets a lénks u Faart.

Komplex Problemer gi mat einfache Sloganen ofgespeist a suerge fir Sträit an Dissens. Dobäi läit d’Verantwortung vun enger konstruktiver Zesummenaarbecht an der Gesellschaft bei all Bierger. Well d’Angscht virun der Zukunft bedeit och d’Angscht viru sech selwer.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.