Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Poem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann de Wirtschaftsliberalismus d’Demokratie futti mécht

Fräie Mikro

Wann de Wirtschaftsliberalismus d’Demokratie futti mécht

Dem Ekonomist Karl Polanyi säi Wierk vun 1944 mam Titel “The Great Transformation. The Political and Economic Origins of Our Time” war e Meilesteen a bleift eng vun de stäerkste Kriticke vun der onreguléierter Maartwirtschaft. Hien huet gewise wat geschitt, wann de Marché als getrennte System definéiert gëtt, deem sech de Rescht vun der Gesellschaft muss ënnerwerfen. Dat féiert zu Krisen, Diktatur, Krich. Op deem Wee si mir haut nees, seet den Historiker Denis Scuto.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den Denis Scuto ass Historiker op der Uni Lëtzebuerg. (Foto: Jo Diseviscourt)

Virun e puer Woche krut ech 60 Joer. Dat ass de Moment fir méi déif zeréck an no vir ze kucken. Op der Sich no Äntwerten op d’Fro wat de Sënn vum Liewen ass, huet besonnesch een Denker mech ëmmer impressionéiert. Et ass de franséische Genetiker Albert Jacquard (1925-2013). Fir hien zeechent follgend Leeschtung de Mënsch aus:

"Dans le cas de notre espèce, la performance la plus étrange de cet organisme est de tisser des liens avec ses semblables. L’essence de chacun n’est pas dans ce qu’il a reçu de la nature, mais dans les rapports qu’il entretient avec les autres. (…) Dans une vie humaine, les rencontres sont l’essentiel."

D'Fundamenter vun der Demokratie si bedrot

Dir verstitt also, datt ech geschockt sinn, wann ech gesinn, wat fir politesch Kräften déi lescht Joren um Virmarsch sinn. D’Reelektioun vum Donald Trump confirméiert dëse Virmarsch, genee wéi d’Succèse vun der Extrême-droite an den Europawalen, an den nationale Walen an Italien, Frankräich, Holland, Belsch oder an de lokale Walen an Däitschland. Beweegungen, déi den Haass vun den Aneren an Intoleranz priedegen, déi e friddlechen an opgekläerten Debat torpedéieren, déi mat der Hëllef vu milliardeschwéiere Medienzaren mat hirem extremen Nationalismus spezifesch Gemeinschafte cibléieren, fir se géint eneen opzehetzen, bedroen d’Fundamenter vun der Demokratie.

Laissez-faire/laissez-aller

Vill vun eis froe sech: Wéi konnt et nees esou wäit kommen? Historesch Vergläicher si schwiereg, well Phänomener sech ni d’selwecht reproduzéieren. An trotzdeem: D’Ekonomiste Richard Sobel an Nicolas Postel hunn an engem Editorial vum Le Monde mam ungareschen Ekonomist Karl Polanyi (1886-1964), deen den Opstig vun totalitäre Regimmer an Däitschland an an der Sowjetunioun materlieft huet, ee fir mech legitimme Verglach vun eiser Zäit mat där vun den 1930er Jore gezunn.

Den Totalitarismus war fir de Polanyi eng direkt Konsequenz vun engem wirtschaftleche Liberalismus, deem keng Grenze gesat goufen, an deen zur Fragiliséierung vu groussen Deeler vun der Aarbechter- a Mëttelklass gefouert huet. Hien a mir och hate geduecht, den Zweete Weltkrich hätt definitiv Schluss gemaach mam Liberalismus vum laissez-faire/laissez-aller, zugonschte vun deem, wat mir sozial Maartwirtschaft nennen. Mee mam Neo-Liberalismus koum en ab den 1970er Joer erëm. Mat Spréch wéi dësem vum Margaret Thatcher: “D’Gesellschaft existéiert net.”

Iwwerliewe vun der Lëtzebuerger Demokratie als solidaresche Projet

Ech hätt et net fir méiglech gehalen, mee de Lëtzebuerger Premier hält 2024 en änlechen Discours vun enger Wirtschaft, déi sech selwer reguléiert a fräi muss kënnen entfalen, ouni onnéideg Barriären a Contrainten. An et ass dann och kee Wonner, datt seng éischt Projeten den Ofbau vum Sozialstaat als Zil hunn. D’Rente solle reforméiert, also gekierzt ginn. Gewerkschaften a Kollektivverträg als Piliere vum Lëtzebuerger soziale Modell ginn a Fro gestallt. Aarbechtszäite ginn dereguléiert.

Ech hoffen, eis Deputéiert, a virun allem d’Lëtzebuerger Wieler a Wielerinnen, déi dës Deputéiert wielen oder ofwielen, falen net drop eran, a wiere sech géint der Regierung hir onsozial Projeten. Well et geet carrement ëm d’Iwwerliewe vun der Lëtzebuerger Demokratie als solidaresche Projet.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.