Radioen

On air

Tockcity  |  Ryan Guldemond - Make Believe - Mother Mother

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump zouversiichtlech een Accord mat China ze fannen

USA - China

Donald Trump zouversiichtlech een Accord mat China ze fannen

Am Handelskrich mat China bleift den US-President Donald Trump wéi et schéngt optimistesch, datt en Accord mat China ka fonnt ginn. Och wa China bis elo nach keng Unzeeche mécht, wëllen nozeginn.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Dilok
(Foto: Bigstock / Dilok )

Op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus, wou nees d‘Douanes-Taxen dominéiert hunn, huet dem President seng Spriecherin Karoline Leavitt widderholl. Dosende Länner hätte mat den USA telefonéiert fir iwwert méiglech Accorden ze diskutéieren. Den Donald Trump wier zouversiichtlech, datt och China zu engem Accord mat den USA bereet ass.

China weist bis elo awer keng Zeechen, datt ee wéilt noginn, an huet seng Douanes-Taxen op US Importer gëschter op 125 Prozent eropgesat. Den Handelskrich tëscht den USA a China huet weider negativ Konsequenze fir d‘Wirtschaft. Den US Dollar ass op den déifste Stand zanter dräi Joer gefall.