arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwäiz sicht weider Accord mat den USA

Douanestaxen

|
headphones

1 min

Schwäiz sicht weider Accord mat den USA

Dem Donald Trump seng Regierung wëllt Importer aus der Schwäiz mat 39 Prozent taxéieren. Dat ass ee vun den héchsten Tauxen, déi d‘USA decidéiert hunn. D'Taxe sollen iwwermuer a Kraaft trieden. Déi Schwäizer Regierung huet de Méindeg ugekënnegt, si wéilt den USA eng nei Propos virleeën.

headphones

1 min

Schwäiz | ©  Claudio Schwarz / Unsplash
Schwäiz (Foto: Claudio Schwarz / Unsplash)

D'USA sinn no der EU deen zweet wichtegsten Handelspartner vun der Schwäiz. Et gëtt gefaart, datt an der Schwäiz d'Secteure vum Maschinnebau an de Luxusgidder, dorënner Aueren, besonnesch haart vun den US-Douanestaxe wäerte betraff sinn. Fir Medikamenter a Gold soll eng Ausnam gëllen.