Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: D'Zwee-Prozent-Zil fir d'Defense scho virun 2030 erreechen

Defenseausgaben

Gilles Roth: D'Zwee-Prozent-Zil fir d'Defense scho virun 2030 erreechen

Bis 2030 ass et d'Zil, datt Lëtzebuerg 2 Prozent vum RNB fir d'Defense ausgëtt. Am 100,7-Interview schléisst de Finanzminister Gilles Roth net aus, datt ee scho virun 2030 op dat Zil wëllt kommen. Dofir géifen den Ament awer 400 Milliounen Euro feelen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth | © Chris Zeien play_arrow
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth (Foto: Chris Zeien)

Wa Lëtzebuerg vum 1. Januar 2026 op déi 2 Prozent géif eropgoen, da wieren dat 400 Milliounen Euro zousätzlech zu deenen 800 Milliounen Euro, déi den Ament am Budget virgesi sinn. Déi Hypothees stellt de Finanzminister op. 1,2 Milliarden Euro misst Lëtzebuerg dann all Joer an d'Verteidegung investéieren.

Defizit 10 Prozent vun dem, wat prognostizéiert gouf

Dozou seet de Gilles Roth, datt d'Zuelen den Ament besser ausgesi wéi viru 15 Méint, wou d'Regierung un d'Rudder koum. 

"Wou mer zu Senneng gesot kruten, datt mer praktesch en Defizit fir 2024 hätte vun 3,2 bis 3,6 Milliarden Euro, wat den eigentleche Staat ubelaangt. Ech hunn déi leschten Zuelen, déi däerfe sech ëm 300 bis 400 Milliounen Euro Defizit beweegen."

10 Prozent vun deem also, wat prognostizéiert gouf.

Schold, Reprioriséierung an aussebudgetär Mëttelen

Fir d'Militärausgabe misst Lëtzebuerg déi iwwer verschidde Quelle gedeckt kréien. Engersäits duerch d'Schold, fir déi een awer am Beräich vun den 30 Prozent Maximalverscholdung wëllt bleiwen.

Eng weider Pist wieren ausserbudgetär Mëttelen oder nach eng Reprioriséierung vun den Investissementsausgaben. 

Un déi agefruere russesch Fongen dierfen d'EU-Länner iwwerdeems net goen, ënnersträicht de Gilles Roth. Och wann eng Rei Länner dat fuerderen.

Lauschterenplay_arrow