Bei der Videokonferenz gouf de Bilan vun der Entrevue vu Méindegowend zu Washington gemaach. An der Suite vum Treffen am Wäissen Haus hunn d'Vertrieder:inne vun der Koalitioun vun de Wëllegen ofgemaach, sech wëlle mat hiren US-Partner ze treffen, fir un de Sécherheetsgarantië fir Kiew ze schaffen.
Et ass um Dënschdegmëtteg och rieds dovu gaangen, datt een den Asaz vu Friddenstruppe wéilt virbereeden, hunn d'Presseagencen no der Reunioun gemellt.
Nach net kloer wéi d'Sécherheetsgarantien ausgesinn
De Lëtzebuerger Premier, dee bei der Videokonferenz vun 30 Staats - a Regierungscheffen dobäi war, ënnersträicht, datt et wichteg wier a puncto Sécherheetsgarantië virunzekommen. Et wier och positiv ze bewäerten, datt d’USA domat d’accord sinn, mengt de Luc Frieden.
"Sécherheetsgarantien, déi wichteg sinn, wann et eng Kéier sollen dauerhafte Fridde ginn, well da muss jo séchergestallt sinn, datt d'Ukrain net erëm kann attackéiert ginn. An déi Sécherheetsgarantië sinn natierlech och wichteg fir déi aner Nopere vu Russland."
Wéi déi Sécherheetsgarantië genau kéinten ausgesinn, ass nach net kloer. Et wäert u villen Detailer musse gefeilt ginn, esou de Luc Frieden.
Russland muss "Zeeche vu guddem Wëllen" weisen
Et géife sech eng ganz Partie schwiereg Froe stellen, wéi zum Beispill zu wéi engem Moment d'Zaldoten am Kader vu militäresche Sécherheetsgarantië kéinten agesat ginn. Mat Bléck op déi geplangten Entrevuen tëschent dem ukrainesche President Wolodymr Selenskyj an dem russesche President Vladimir Putin seet de Luc Frieden, datt et un der Zäit wier, datt Russland en "Zeeche vu guddem Wëlle" géif weisen.
Wat dem Putin seng Intentioune sinn, kéint de Premier net beschreiwen.
"Well ech bis elo nëmme gesinn hunn, datt Russland attackéiert huet an datt Russland elo misst wierklech d'Zeeche setzen, fir ze weisen, datt se Fridde wëllen an datt se och Prisonéier zeréckginn, déi se festgeholl hunn an dësem Krich."
"Team Europa" gutt koordinéiert
De Luc Frieden ënnersträicht och, datt et positiv ass, datt gëschter zu Washington net iwwer den Territoire vun der Ukrain geschwat gi wier. D’USA an Europa wiere sech eens, datt just d'Ukrain selwer kéint iwwer hiren Territoire decidéieren, wann dat dann iwwerhaapt en Theema a Friddensverhandlunge sollt sinn.
Och den EU-Conseils-President Antonio Costa huet sech no der Videokonferenz virun der Press geäussert. Hie betount d’Wichtegkeet vum Zesummenhalt vun der EU, an datt een den Drock op Russland duerch Sanktioune misst bäibehalen. De Krich misst op jiddefalls esou séier ewéi méiglech op en Enn kommen. Esou nach den EU-Conseils-President.
An dem Kontext hat den Antonio Costa d’Wichtegkeet vum Zesummenhalt vun der EU, wéi och der Koalitioun vun de Wëllegen ervirgehuewen. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden gesäit dëst am 100,7-Interview ähnlech. Et hätt een als "Team Europa" gutt koordinéiert a konstruktiv Gespréicher mat den US-Partner gehat.
Ee schwieregen Ament géif d'Zesummentreffen tëschent dem Selenskyj an dem Putin ginn. Datt dat misst geschéien gouf jo zu Washington ofgemaach, esou de Premier Luc Frieden.