"Kee Kommentar" hat et aus de Kreesser vum Lëtzebuerger Premier geheescht, op eis Nofro iwwert d’Behaaptunge vun der brittescher Zeitung "Financial Times", Lëtzebuerg géif déi ungaresch Fuerderung ënnerstëtzen, fir de russeschen Oligarch Mikhail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht erofzehuelen. Déi brittesch Dageszeitung berifft sech an hirem Artikel op dräi Sourcen, déi net genannt ginn.
Lëtzebuerger Regierung: Kee Commentaire
Och de Finanzminister Gilles Roth wollt e Méindeg, wéi hien den Invité vum Dag um radio 100,7 war, keng Detailer iwwert déi Lëtzebuerger Positioun verroden.
"Et ass traditionell esou, datt d’Lëtzebuerger Regierung, grad wéi anerer, net kommentéieren, wat an europäesche Gremie geschitt."
Sou de Gilles Roth. Eng erstaunlech Ausso, virum Hannergrond, datt Aussoe vu Regierungsvertrieder:innen, och vu Lëtzebuerger, iwwert dat, wat an de Reuniounen zu Bréissel gesot an decidéiert gëtt zum Alldag vun der Berichterstattung iwwert d’Europäesch Unioun gehéieren.
Dee leschte Freideg huet d'EU decidéiert d'Sanktioune géint Russland ze verlängeren. Op Demande vun Ungarn, wat déi Verlängerung laang blockéiert huet, goufen dräi Nimm vun der Lëscht vun de sanktionéierte Persounen erofgeholl. De Mikhail Fridman war, obschonn Ungarn dat gefrot hat, net ënnert deenen Nimm. Fir hie bleiwen also d’Sanktioune bestoen.
Luc Frieden: "Mir blockéieren an där Fro keng Unanimitéit"
De Lëtzebuerger Premier huet schliisslech nom EU-Sommet op eis Nofro Stellung zum Artikel an der “Financial Times” geholl.
D’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung "war ganz kloer" sot en Donneschdeg an der Nuecht, no der Reunioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, de Lëtzebuerger Premier. De Grand Duché wier dofir gewiescht, d’Sanktioune mat den aktuelle Lëschte vun de sanktionéierten Entitéiten a Persounen ze verlängeren, erkläert de Premier.
Wéi Ungarn ugefaangen hätt, Nimm vu Leit ze proposéieren, déi sollte vun der Lëscht erofgeholl ginn "war dat nach ëmmer eis Positioun", sou de Luc Frieden. Seng Aussoen deiten awer duerchaus drop hin, datt Lëtzebuerg speziell, wat den Mikhael Fridman ugeet, prett war, déi ungaresch Propos mat ze ënnerstëtzen.
"Op deem betreffenden Numm vun där enger Persoun, déi zu Lëtzebuerg méi bekannt ass, gouf et keng Unanimitéit a mir blockéieren op esou enger Fro keng Unanimitéit."
Sou de Premier. Et wir een "ongoing process" gewiescht a Lëtzebuerg hätt sech deem ugeschloss, "wat all déi aner Länner gemaach hunn".
"Wann eng Majoritéit do gewiescht wier, fir och déi Persoun erofzehuelen, da wiere mir domadder d'accord gewiescht. Dat ass d'Lëtzebuerger Positioun gewiescht."
Lëtzebuerger Positioun war flexibel
Op d’Fro, ob Lëtzebuerg da speziell dofir war, den Mikhail Fridman vun de Sanktiounen auszeschléissen a wa jo firwat, sot de Luc Frieden.
"Nee, dat war net de Punkt. De Punkt war, datt Ungarn véier Nimm proposéiert huet an déi aner Länner waren awer nëmme mat dräi Nimm d'Accord. A mir hunn eis do der Majoritéit ralliéiert. Wann d'Majoritéit d'Accord gewiescht wär, fir och dee véierten Numm erofzehuelen, dann hätt sech Lëtzebuerg och dorunner ralliéiert."
D’Persoun vum Mikhail Fridman ass dowéinst zu Lëtzebuerg besonnesch bekannt, well de russeschen Oligarch Lëtzebuerg zejoert op Schuedenseratz an der Héicht vu 15 Milliarden Euro verklot hat, nodeems säi Verméigen an der Suite vun EU-Sanktioune géint Russland am Grand Duché agefruer gi waren. De russeschen Oligarch hat dee Prozess vrum Europäesche Geriichtshaff am September zejoert an éischter Instanz verluer.
Et géif een déi Affär seriö huelen, sot och nach am 100,7-Interview de Gilles Roth. Hie kéint se, wëll se nach um Lafen ass, net kommentéieren. De Montant ëm deen et hei an der Klo fir Schuedenersatz géing goen, géif an der Héicht der Hallschent vum annuelle Staatsbudget zu Lëtzebuerg anhuelen, huet de Finanzminister nach präziséiert.