An Europa wier d’Meenungsfräiheet a Gefor – well extremistesch Parteien net dierften matregéieren. Den JD Vance huet a Fro gestallt, ob Europa an d’USA iwwerhaapt nach fir déi selwecht Wäerter géife stoen.
Et wier een et net gewinnt, datt tëscht Frënn an Alliéierten op dës Aart a Weis geschwat gëtt. Fir hie géifen d‘USA een Alliéierten a Partner bleiwen. Hie wéilt awer, datt ee mat Respekt behandelt géif ginn. Hie fënnt de Stil vun den USA net gutt.
Europäesch Länner solle méi selbstbewosst optrieden
D'Europäesch Länner wëllen elo mat méi Selbstbewosstsinn optrieden am Bezuch op méiglech Friddensverhandlungen tëschent Russland an der Ukrain. De Respekt virum internationale Recht wier dobäi déi stäerkste Waff, déi Europa hätt, seet de Luc Frieden.
"A wa mir opginn de Prinzip, datt Grenzen op engem Dësch diskutéiert ginn an net duerch Waffegewalt, da fale mer zeréck op dat, wat mir um Ufank vum leschte Joerhonnert leider zweemol haten."
De Premier hofft deemno, datt Europa geschlossen, Russland, den USA an der Ukrain seet, datt een un deene Prinzippie festhält. Hie betount och nach eemol, datt een net ouni d‘Ukrainer:innen dierf iwwer d‘Zukunft vun der Ukrain decidéieren.