arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg verschäerft säi Kurs an der EU-Asylpolitik

GLODEN-ÄNTWERT OP LSAP-UFRO

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerg verschäerft säi Kurs an der EU-Asylpolitik

Flüchtlingszentere baussent der EU fir refuséiert Demandeur-d’asille gesäit d'Regierung als "eng pertinent Pist" un, esou den Inneminister Léon Gloden an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Een Accord mat engem Drëttland ass bis elo net virgesinn.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© MAINT
(Foto: MAINT)

D'Regierung schéngt hir Skepsis par Rapport zu Centre-de-retoure baussent der EU opzeginn. Och d'Propos vun der Europäescher Kommissioun, datt een Demandeur d'asil kann an ee séchert Drëttland refouléiert ginn, mat deem e keen direkte Lien huet, gëtt begréisst.  

Grad dogéint hat sech dem Léon Gloden säi Virgänger, den LSAP-Minister Jean Asselborn, laang vehement op europäeschem Niveau gewiert.

Konditioun vum Lien mam Drëttstaat ophiewen: Lëtzebuerg ass dofir

Déi Europäesch Kommissioun hat Enn Mee manner streng Konditioune fir sougenannte sécher Drëttlänner proposéiert, an déi ee Flüchtling, deen de Statut net krut, dierf geschéckt ginn.

Bis elo koumen do just Länner a Fro, mat deenen et e klore Lien gouf - also säin Heemechtsland oder ee Land, an deem e Famill huet.

Déi Konditioun awer soll opgehuewe ginn. D'Kommissioun wëllt den EU-Memberlänner de Choix loossen an et hinnen och erlaben, deboutéierten Demandeur-d'Asillen an een Transitland oder ee Land ze schécken, mat deem et een Accord gëtt fir Leit opzehuelen.

D'Propos d'Konditioun vun engem direkte Lien opzehiewen, hat direkt schaarf Kritik bei de Flüchtlingsorganisatiounen ausgeléist - well zum Beispill een, deen aus engem afrikanesche Land iwwer verschidden aner Länner an d'EU geflücht ass - elo och op eng vun den Tëschestatioune kann zeréckgeschéckt ginn.

Regierung fir Schafe vu Centre-de-retouren

D'Lëtzebuerger Regierung wier fir d'Propositioun vun der Kommissioun, esou de Léon Gloden an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Franz Fayot a Liz Braz. Si géif de Memberlänner méi Flexibilitéit ginn. Iwwerdeems wier d'Optioun vum Lien mam Drëttstaat jo net suppriméiert, esou den Inneminister, ouni allerdéngs drop anzegoen, datt déi Connectioun als Konditioun esou net méi besteet.

Wat déi bis elo ëmstridden extern Centrë fir refuséiert Demandeur-d'asillen ugeet, schéngt d'Regierung elo och eng däitlech méi positiv Approche ze hunn. D'Schafe vun esou Centres de retour wier eng "pertinent Pist" fir d'Retoure méi séier, einfach an effikass ze maachen, esou de Léon Gloden am Numm vun der Regierung.

Luc Frieden war nach am Oktober skeptesch

Hire Chef a Premier hat nach bis viru Kuerzem eng aner Vue vun där Pist. Et sollt ee sech kenger Optioun verschléissen, mee "et ass elo net déi Pist, déi am einfachste wier", esou de Luc Frieden am Oktober zejoert um Bord vun engem EU-Sommet.

"Ech weess net, ob déi doten Optioun, déi do proposéiert ginn ass, wéi déi an der Praxis genee géif fonctionéieren. Ech mengen et ass méi einfach, wa Leit, déi net d'Asylrecht kritt hunn, wa si also net de Statut vum Flüchtling kritt hunn, direkt an hir Pays-d'originnen zeréckgeschéckt ginn."

Et misst bei deem Konzept garantéiert sinn, datt d'Grondrechter an deene Centren iwwer déi ganz Prozedur ewech respektéiert ginn, preziséiert de Léon Gloden elo a senger Äntwert.

Hie stellt och kloer, datt - à ce stade - d'Regierung net envisagéiert, een Accord mat engem Drëttland en vue vum Etablissement vun esou engem Centre ze maachen.

play_arrow Lauschteren