arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charles Goerens wëll Europaparlament net op der Konferenz zu Sevilla vertrieden

Well Rapport Verworf gouf

|
headphones

1 min

Charles Goerens wëll Europaparlament net op der Konferenz zu Sevilla vertrieden

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens refuséiert fir d‘EU-Parlament op der internationaler Konferenz iwwert de Finanzement vun der Entwécklungshëllef, Enn dës Mounts zu Sevilla ze representéieren. Dat deelt de Lëtzebuerger EU-Deputéierten de Mëttwochmoie mat. 

headphones

1 min

DP-Europadeputéierte Charles Goerens
DP-Europadeputéierte Charles Goerens

De Grond: D‘EU-Parlament huet de Rapport, deen hie fir seng Renew-Fraktioun dozou gemaach hat, verworf. Do gëtt et am Moment en Defizit vu 4,3 Milliarden Euro. Dass elo keng gemeinsam Positioun am EU-Parlament fonnt gouf, wier e schwéiere Réckschlag an en negative Message vun Europa. A virun allem en alarmant Zeeche fir déi vulnerabelst Populatiounen op der Welt.

Als Konsequenz huet de Charles Goerens ugekënnegt, datt hien d‘EU-Parlament net op der Konferenz zu Sevilla vertrëtt. Hie kéint dat net mat sengem Gewëssen ausmaachen.