De Grand-Duché wäert dowéinst bei der EU-Kommissioun eng Reklamatioun areechen, huet den Inneminister Léon Gloden de Mëtteg an der Chamber erkläert.
"Dat ass juristesch a politesch e ganz seriöen Akt, wa mer als Land bei der Europäescher Kommissioun par rapport zu engem Memberstaat, wat och nach en Nopeschland ass, reklaméieren."
D‘Argument vun der illegaler Immigratioun wier opgrond vum Schengenaccord juristesch net richteg, betount den Inneminister Léon Gloden. Temporär Kontrolle wiere, wéinst Evenementer, méiglech. Awer keng permanent Kontrollen.
Plainte gëtt réischt an dräi Joer traitéiert
An enger Motioun vun der LSAP a vun déi Gréng gouf gefuerdert, datt Lëtzebuerg eng Plainte beim europäesche Geriichtshaff areecht, fir d’Rëmaféiere vu Grenzkontrolle juristesch ze kontestéieren.
De Léon Gloden betount, datt esou eng Plainte eréischt no dräi Joer vum Geriichtshaff géif traitéiert ginn. Well Grenzkontrollen nëmme wärend maximal dräi Joer verlängert dierfe ginn, kéim eng geriichtlech Decisioun souwisou ze spéit.