Säi Konkurrent Dragan Primorac kënnt op ronn 25 Prozent vun de Stëmmen. De Zoran Milanovic kënnt aus der sozialdemokratescher Partei. Hien ass e Kritiker vun der EU an der NATO a stellt déi westlech militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain a Fro.
A Kroatien huet de President virun allem eng zeremoniell Roll. Hie ka kee Veto géint Gesetzer aleeën, huet awer a Matsproocherecht an der Aussepolitik, Verdeedegung a Sécherheet.