arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen muss zwee Mësstrauensvotten ofwieren

EUROPAPARLAMENT

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Ursula von der Leyen muss zwee Mësstrauensvotten ofwieren

Am Europaparlament huet d'Presidentin vun der EU-Kommissioun sech géint zwou Motions de Censure verteidegt. Déi rietsnational Patriote fir Europa an d'Fraktioun vun deene Lénken hunn allebéid Motiounen deposéiert.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

22 vun de 26 EU-Kommissären a Kommissärinnen, dorënner och de Lëtzebuerger Christophe Hansen, souzen um Méindeg den Owend am Plenieressall zu Stroossbuerg geschlossen hanner der Kommissiounspresidentin. 

Mësstrauensvott géint EU-Kommissioun: Fir zweete Kéier bannent dräi Méint

Et ass fir déi zweete Kéier bannent dräi Méint, datt sech d’Ursula von der Leyen deem Exercice stelle muss. Déi leschte Kéier koum d'Demande aus de Kreesser vun der rietser Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer.

Dës Kéier kënnt d’Attack esouwuel vu riets wéi a vu lénks.

Jordan Bardella: EU-Kommissioun huet Autosindustrie ëmbruecht

D'Bauere goufen ausverkaaft an d'Industrie duerch eng iwwerdriwwe Klimapolitik futtigemaach, hält de Chef vun de Patriote fir Europa, de Jordan Bardella, fest.

"L’histoire retiendra Madame, que pour la première fois depuis 50 ans, la balance agricole française sera déficitaire et que vous aurez pour de nombeureses annéees tué l’industrie automobile européenne."

Manon Aubry: EU-Kommissioun ass mat responsabel fir Affer vum Gaza-Krich

D'Handelsofkommes mat den USA gëtt vu béide Säite kritiséiert, ganz uewe bei deene Lénken awer stinn d'Affer vum Krich an der Gazasträif, fir déi d’Co-Cheffin Manon Aubry d'Kommissiounspresidentin mat responsabel mécht.

"Vous avez accompagné le génocide à Gaza par votre lâcheté et votre inaction. Vous avez laissé mourir des dizaines de milliers de civiles et d’enfants sous les bombes israéliennes."

Ursula von der Leyen: D'Géigner wëllen eis splécken

D'rsula von der Leyen huet dorop roueg reagéiert.

Si huet den Auteure vun de Motioune reprochéiert, si géifen am Interêt vum russesche President Wladimir Putin agéieren. Dee géif alles maachen, fir déi europäesch Eenheet ze zerstéieren, eng Fal, op déi een net erafale sollt.

"Eise Message muss ee vun der Unitéit sinn an datt Europa zesummesteet."

Beim Vott en Donneschdeg: Béid Motiounen hu kaum Chancen

Béid Motiounen hu quasi keng Chance fir duerchzegoen.

Et ass dovun auszegoen, datt nieft der gréisster Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei och déi vun de Sozialisten, de Liberale genee wéi dee gréissten Deel vun de rietsen Europäesche Konservativen a Reformer a vun deene Gréngen dogéint stëmme wäerten.

De Vott ass en Donneschdeg.

Lëtzebuerger EU-Deputéiert stëmme majoritär dogéint

Vun de 6 Lëtzebuerger Europadeputéierte wäerten déi vun der CSV, der DP an der LSAP géint déi zwou Motioune stëmmen.

D'Tilly Metz ass nach net decidéiert. Si géif sech entweder enthalen oder fir déi vun deene Lénke stëmmen, esou déi Gréng EU-Deputéiert op eis Demande.

De Fernand Kartheiser vun der ADR awer ënnerstëtzt de Mësstrauensantrag vun de Patrioten. Hien hat, genee wéi am Summer, d'Demande fir d'Motioun ze lancéiere mat ënnerschriwwen.

play_arrow Lauschteren