arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissärin Teresa Ribera: Krich an der Gazasträif ass e Genozid

Krich an der Gazasträif

|
headphones

1 min

EU-Kommissärin Teresa Ribera: Krich an der Gazasträif ass e Genozid

Déi spuenesch EU-Kommissärin Teresa Ribera sot, den israeelesche Krich an der Gazasträif wier e Genozid. Dat ass bis elo déi schäerfste Verurteelung vun engem Member vun der EU-Kommissioun.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Johannes Neudecker
(Foto: picture alliance/dpa | Johannes Neudecker)

D'Teresa Ribera, exekutiv Vizepresidentin vun der Kommissioun, huet déi Ausso den Donneschdeg bei engem Virtrag viru Studenten a Studentinne vu Sciences Po zu Paräis gemaach. 

Si huet de 27 EU-Memberstaaten och virgehäit, ze vill gedeelt ze si fir zesummen eppes géint d'Hongersnout, d'Verdreiwung an d'Ëmbrénge vun de Palästinenser ze ënnerhuelen. Israel huet hir Aussoe schaarf verurteelt. D'Teresa Ribera géif domat Propaganda fir d'Hamas maachen, esou e Communiqué vum israeeleschen Ausseministère.

Iwwerdeem huet déi israeelesch Arméi annoncéiert, si géif elo ronn 40 Prozent vun der Stad Gaza kontrolléieren. Déi israeelesch Militäroperatioun zu Gaza géif an de nächsten Deeg nach emol ausgebreet ginn, d'Zil wier weider, déi ganz Stad ënner Kontroll vun Israel ze bréngen an eng definitiv Victoire géint d'Hamas ze erreechen, esou e Spriecher vun der israeelescher Arméi.